Och vu Lëtzebuerg aus kann ee per SMS fir den Tom matvoten.
Bei der Editioun 2018 war Lëtzebuerg schonn emol bei Top Model Belgium vertrueden. Do war et déi jonk Lëtzebuergerin Taisa Nunes, déi sech den Titel an der Haaptkategorie sécher e konnt a mëttlerweil och international bekannt ass.
De Casting fir d'Editioun 2020 ass och scho lancéiert. Aschreiwe kënne sech jonk Fraen a Männer am Alter vu 15 bis 26 Joer, an, an enger anerer Alterskategorie och Fraen a Männer tëscht 27 a 40 Joer. Donieft gëtt et nach d'Kategorien Model Photos fir Männer a Fraen.