Ze groussen OpwandDe Johann Lafer mécht säi Stäre-Restaurant am Hunsrück zou
Ee vun de bekanntste Käch aus Däitschland wëll nees zeréck bei seng Originnen an dowéinst affert de Johann Lafer säi Restaurant Val d'Or op der Stromburg.
De Stärerestaurant gëtt et nëmmen nach bis den 19. Februar, dann ass de Congé vun der Stromburg fäerdeg, duerno gëtt um neie Konzept vum 61 Joer ale Kach zesumme mat senger Fra Silvia Lafer-Buchholz geschafft. Et wäert a Richtung privat a geschäftlech Evenementer goen, also nees zeréck zu de kulinaresche Wuerzelen. Et ass eng Häerzensugeleeënheet, sech vun Zwäng ze befreien, deenen hie sech ënnerworf hat.
De Johann Lafer begrënnt seng Entscheedung ënner anerem mam stännegen Drock, fir engem Stärerestaurant gerecht ze ginn, wou alles bis an den Detail stëmme muss, en plus ass d'Ökobilanz vu Fruits de Mer alles anescht wéi akzeptabel. Méi no bei de Leit, méi traditionell awer nach ëmmer modern, dat ass déi nei Visioun vum Johann Lafer a senger Stromburg, déi iwwregens nëmmen zwou Stonnen hei vum Kierchbierg fort ass.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.