D'Fuesboke si lass!Wat, wou, wéini? Kavalkaden a Fuesbaler op ee Bléck

Zu Lëtzebuerg fänkt nom traditionelle Liichtmëssdag, den 3. Februar, eng geckeg Zäit un: Et ass Fuesent. Bis Äschermëttwoch am Mäerz sinn d'Boke lass.

© RTL Archivbild

D'Fuesent huet schonn eng laang Traditioun zu Lëtzebuerg, an deem Sënn gehéieren déi vill Baler fir Grouss a Kleng, sou wéi déi sëlleche Kavalkaden uechtert d'Land schonn zum feste Bestanddeel vun der geckeger Zäit.

Fuesbaler
16.-24. Februar
Fueswoch an der Robbesscheier
De Flyer vun der Fueswoch

22. Februar
- Weller Wahnsinn
- Jangelis Bal mam Dj Dee an Dj Nosi

23. Februar
- Bieles am Jumm
- Foasbal zu Nidderwampech
- Hexenderby-Fuesbal zu Stengefort
- Kannerfuesbal zu Bungeref vu 14 bis 18 Auer

24. Februar
- Mini Bieles am Jumm
- Kannerfuesbal am Centre Culturel zu Biekerech, Ufank: 14 Auer
- Kannerfuesbal zu Viichten an der Sportshal, Ufank: 14 Auer
- Kannerfuesbal zu Gréiwels am Centre Nei Brasilien

28. Februar
- Altweiberbal am Smugglers Inn zu Dikrech
- Habschter Altweiberbal mat Hoffi-Zambesi an Ni Doheem
- Weiberfuesend an de Kellere vu Bernard-Massard zu Maacher
- Möhnenbal zu Wilwerdang
- Alweiber zu Réimech am Wäikeller

1. Mäerz
- Hexebal zu Schous (Miersch)
- Hippique's Bal @ Al Seeërei zu Dikrech
- Ole-Möhne Bal zu Hengescht
- Dunga Bunga mat Hoffi Zambezi zu Rouspert
- Fuesbal zu Schieren am Alen Atelier mat den "Original Trei Sei"
- Zipperleinbal am Sall Frounert zu Biissen mat "Nii Doheem"
- Piccobello zu Hesper am Centre Civique
- EMD Foasbal zu Iechternach an der Dikrecherstuff

1.-3. Mäerz
RTL-Megafuesend zu Déifferdeng:
Malle Alaaf! (1. Mäerz), Clochard's-Bal (2. Mäerz), Mini Clochard's-Bal (3. Mäerz)

2. Mäerz
- Fräeschebal 2019! zu Bettenduerf
- Musel am Dusel zu Schwéidsbeng
- Kannerfuesbal zu Mäerzeg am Centre Turelbach
- Kannerfuesbal am Alen Atelier zu Schieren
- Fuesbal zu Mënsbech am Kulturzenter
- Fuesbal "Den neie Fortissimo" zu Alzeng an der Schoul
- Kannerfuesbal an duerno Präismaskebal zu Baastenduerf
- Kannerfuesbal zu Buerschent am Festsall
- Snoopy's Bal zu Hesper am Centre Civique (Kannerfuesbal)
- Kannerfuesbal am Préizerdaul op der Fabrik
- TröööT-Fuesbal am Rollengergronn an der Sportshal

3. Mäerz
- Cavalcade "Beim Louis" zu Dikrech
- Kannerbal zu Stengefort am Roudemer
- Faasbaal zu Diënjen am Veräinssall mam DJ Andy
- Kannerfuesbal zu Eeschweller/Wolz
- Kannerfuesbal am Centre Beaurepaire zu Berbuerg, Ufank: 14 Auer
- Kannerfuesbal am Centre de culturel zu Mutfert
- Dickelcher's Bal zu Feelen am Hennesbau

4. Mäerz
- Kannerfuesbal zu Houschent am Centre 2000

9. Mäerz
- Präismaskebal zu Maacher an der Kellerei Bernard-Massard
- Afestëmmung um Bananebal zu Gréiwels am Centre Nei Brasilien
- Präismaskebal "Alles op der Kopp" zu Foulscht am Centre culturel

10. Mäerz
- Kannerfuesbal ze Gaasperech mat Animatioun am Porheem, vu 14 bis 18 Auer

16. Mäerz
- Kannerfuesbal um 15 Auer zu Lampech, duerno Fliichtebal fir déi Grouss um 21.12 Auer

23. Mäerz
Frou-Frou an der Caves Vinsmoselle zu Gréiwemaacher

23.-24. Mäerz
Escher Fuesend: Kapesëtzung "Déi nei Fues-Revue" (23. Mäerz)

30. Mäerz
- domPiraten am Festzelt am Zentrum vu Péiteng
- Halleffaaschten zu Réimech, grousse Bal mam Dj Al

© RTL Archivbild / Tom Jean


Kavalkaden
3. Mäerz
40. Editioun Dikrecher Kavalkad

10. Mäerz

30. Editioun Schëfflenger Kavalkad

17. Mäerz
Kannerkavalkad zu Käl

24. Mäerz
Escher Kavalkade

30. Mäerz
Nuetskavalkad zu Waasserbëlleg

31. Mäerz
- Réimecher Kavalkad
- Péitenger Kavalkad

© RTL Archivbild / Petz Flammang


Opgepasst, d'Police kontrolléiert
Wärend der ganzer Period vu Fuesent, dat bis de 17. Mäerz, ass d'Police verstäerkt am Stroosseverkéier ënnerwee. Hei si souwuel preventiv awer och repressiv Aktioune geplangt, fir d'Sécherheet am Trafic ze garantéieren an Accidenter ze'evitéieren. Haaptsächlech soll déi iwwerdriwwe Vitess an alkoholiséiert Fuere bestrooft ginn.

Grad ronderëm déi gréisser Fuesmanifestatioune wäerte méi Kontrolle gemaach ginn.

PDF: Schreiwes vun der Securité Routière

Réimecher Stréimännchen
6. Mäerz: All Joer um Äschermëttwoch gëtt zu Réimech de "Stréimännche" verbrannt. Dës lokal Traditioun ass d'Enn vun der geckeger Bokenzäit un der Musel an bedeit och gläichzäiteg d'Enn vum Wanter.
Start: 19.30 Auer beim Café "A Fuesend" zu Réimech bei der Place Nico Klopp.

© RTL Archivbild


Buergbrennen
Samschdeg 9. Mäerz / Sonndeg 10. Mäerz: Iwwerall uechtert d'Land gëtt um Weekend vum Faaschtsonndeg, och Buergsonndeg, e grousst Feier gemaach, dat e symbolescht Verbrenne vum Wanter duerstellt.

- Zu Eeschweller ass d'Buergbrenne mat Freedefeier an der ZI Salzbaach zu Wolz schonn den 8. Mäerz.

© RTL Archivbild


Sämtlech Fester, Baler a Fuespartyen fannt Dir zu all Moment an der RTL Agenda.

Dir hutt och ee Fest, ee Bal oder eng Fuesparty, mellt eis Äert Evenement



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.