US-EtüdFrae-Gehir am Schnëtt däitlech méi jonk wéi bei Männer

D'Gehirer vu Fraen, um Stoffwiessel gemooss, sinn am Duerchschnëtt däitlech méi jonk wéi bei Männer am gläichen Alter.

© Pixabay

An enger Etüd, bei där ronn 200 Mënsche bedeelegt waren an déi an der Fach-Zäitschrëft "Proceedings of the National Academy of Sciences" verëffentlecht gouf, koum eraus, dass d'Gediechtnes vu Fraen am Alter besser fonctionnéiert wéi bei Männer.

Et wier net esou, dass d'Gehir vu Männer méi séier al gëtt, sou de Manu Goyal, Juniorprofesser fir Radiologie un der Medezinescher Fakultéit vun der Washington University a Chef vun der Etüd. De Männer hiert Gehir wier schonn am Ufank vum Erwuessenenalter 3 Joer méi al wéi bei Fraen an dat bleift och de Rescht vun hirem Liewen esou.

121 Fraen a 84 Männer tëscht 20 an 82 Joer hu bei der Etüd matgemaach. Mat Hëllef vun engem Computertomograph gouf de Gehir-Stoffwiessel ënnersicht, dat heescht de Flux vu Sauerstoff a Glukos. Bei der Auswäertung koum eraus, dass bei Fraen de Stoffwiessel-Alter vum Gehir duerchschnëttlech 3,8 Joer méi niddereg ass wéi den tatsächlechen Alter. Bei de Männer dogéint loung dee bei ronn 2,4 Joer iwwert dem reellen Alter.

E méigleche Grond dofir ass, dass d'Hormoner schonn a jonke Joren en Afloss op d'Entwécklung vun eisem Gehir huet.

Frae si bei der Logik, am sech erënneren an dem Léise vu Problemer am Alter däitlech besser wéi Männer. Dass Frae manner u kognitive Fäegkeete verléieren, kéint doru leien, dass hiert Gehir souzesoe méi jonk ass. Weider Fuerschunge sollen dës Resultater elo confirméieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.