Bommeleeër totalSylvie Conter a Gaston Vogel sinn d'Lëtzebuerger vum Joer

Eng 3.000 Leit hunn an de leschten Deeg op RTL.lu ofgestëmmt an um Enn koum e ganz kloert Bild bei der Wiel vun de Persoune vum Joer 2013 eraus.

Fir d'éischt konnt Dir proposéieren an dunn decidéieren: Aus 15 Fraen an aus 15 Männer, déi virgeschloe goufen, konnten d'Utilisateuren op RTL.lu bis Silvester 12 Auer mëttes wielen, wie fir si d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer 2013 sinn. A gewonnen huet ... de Bommeleeër-Prozess!

Awer net nëmmen hien ;-)

Ënnert all de Leit déi mat ofgestëmmt hunn, goufen dës Gewënner gezunn:

- Samsung Galaxy S4 mini: Sonny Streff vu Walferdange
- Samsung Galaxy Note 3: Annette Klein vun Haller
- Samsung Galaxy Tab 3: Pia Stamer-Schons



Hannescht bei de Bommeleeër: Lëtzebuergerin vum Joer ass d'Riichterin Sylvie Conter ginn a Lëtzebuerger vum Joer ass den Defense-Affekot Gaston Vogel, dat mat Honnerte Stëmme Virsprong virun de Politiker Xavier Bettel a Jean-Claude Juncker. Béid Laureaten haten iwwregens eng zolidd Avance.

D'Top Ten am Iwwerbléck, ladies first:

1. Sylvie Conter (2.036 Stëmmen)
2.
Nathalie Scheer-Pfeifer (1.603 Stëmmen)
3. Jacqueline Lahr (1.101 Stëmmen)
4. Lydie Lorang
5. Viviane Reding
6. Kayo Nishide
7. Sandy Botsch
8. Mandy Minella
9. Corinne Cahen
10. Christine Majerus

D'Sylvie Conter, Lëtzebuergerin vum Joer 2013.


1. Gaston Vogel (2.413 Stëmmen)
2.
Xavier Bettel (1.547 Stëmmen)
3. Jean-Claude Juncker (1.261 Stëmmen)
4. Georges Theissen
5. Guy Wester alias Bauer Guy
6. Olivier Conrardy
7. Norbert Pleimling
8. Dr Frédéric Fogen
9. Marc Schmit alias Hoppen Théid
10. Bob Jungels

"Pilz am Aarsch": Me Vogel, Lëtzebuerger vum Joer 2013





Wie sech op RTL.lu ageloggt hat, konnt a béide Kategorië bis zu 6 Stëmme verginn, fir ee Kandidat louch de Maximum bei 3 Stëmmen.

Déi 2 Gewënner kruten nach op Silvester, wéi d'Decisioun bis gefall war, e Präis, deen d'Agence "kreutz and friends" designt hat.

Fir d'Sylvie Conter huet de Pressespriecher vum Geriicht, den Henri Eippers, de Präis an Empfang geholl. D'Lëtzebuergerin vum Joer, déi sech als Riichteren zum "Devoir de réserve" bekennt an net an de Medie stoe wëllt, huet awer schrëftlech reagéiert:

Fir d’alleréischt wëll ech emol Merci soen all deene Leit, déi mech als Lëtzebuergerin vum Joer gesinn. Grondsätzlech wëll ech ganz däitlech ënnersträichen, datt ech an deem Vote vun de Leit manner eng perséinlech Auszeechnung gesinn, mä éischter eng Unerkennung fir d’ganz Justiz an e Vote fir eng Aarbecht a vollster Onofhängegkeet. Datt dat vun de Leit unerkannt gëtt, ass net nëmme schéin, mä och richteg a wichteg.

Op d'Bedeitung vun der Onofhängegkeet huet iwwregens och de Lëtzebuerger vum Joer, de Me Gaston Vogel, higewisen. Hien ass net wéineg houfreg, datt hien "indépendant" ass.

Riichterin an Defense sinn also guer net esou wäit auserneen.

Am grousse Ganzen ass et wuel och de Bommeleeër-Prozess, deen am Joer 2013 d'Leit, déi op RTL.lu ofgestëmmt hunn, am meeschte frappéiert huet. Well dem Gaston Vogel seng Kollegin Lydie Lorang kënnt bei de Frae vum Joer op déi 4. Plaz.


"friends": Iwwert d'Präisser ...




D'Agence kreutz and friends hält Enn des Joers op an de Will Kreutz, Creative Director an enfant terrible vun der nationaler Kommunikatiounszeen zënter méi wéi 3 Jorzéngten, mécht senger Reputatioun all Éier, andeems hien eng Selektioun vun 365 aus insgesamt méi wéi 500 Deklinatioune vu sengen 'friends' reproduzéiert huet op Toile, 50 x 50 cm, a verkeeft. Déi komplett a spektakulär Serie ass dann och den 13. November an den Hale vum goodbyemonopol2 presentéiert ginn a stinn do och nach bis den 31. Mäerz 2014 zum Verkaf. En eenzelne friend (50 x 50 cm) kascht 175€.

Déi friends sinn alleguerten op Basis vum Logo vu kreutz and friends an de leschte 4 Joer, op Iddie vum Will Kreutz, vu souwuel de Grafiker wéi och de Stagiairen deklinéiert an ëmgesat ginn. Dat war dann och den eigentleche But, deen doranner besteet, unhand vun dësem Exercice ze weisen, wéi wäit ee mat der Deklinatioun vun engem Logo ka goen.

D'Entwërf sinn aus de Beräicher Aktualitéit, Musek, Markeprodukter, Film, Literatur a Konscht a jee nodeem wéi sinn dann all Kéiers verschidde Virschléi entworf ginn a vum Will Kreutz definitiv erausgesicht ginn, fir dann op der Facebooksäit vu kreutz and friends publizéiert ze ginn. E ganz serieuxen a grondzolitte grafeschen Exercice, deen et de Grafiker an de jonken Designer erlaabt huet, sech ze behaapten an eng exzeptionell Experienz, déi hinnen d’Méiglechkeet gëtt, fir bei weideren eegene Kreatiounen ähnlech Wierker ze realiséieren.

Vun den 365 friends sinn der schonn iwwer 150 verkaaft an et ass nach ëmmer méiglech, sech déi verbleiwend vum 4. Januar bis den 31. Mäerz 2014 an d'Hale vum goodbyemonopol2 op der Escher Strooss ukucken ze goen. Dës Hal ass jo bekanntlech vum Will Kreutz zesumme mat 27 internationalen an nationalen Urban Artists komplett an op iwwer 6000 m2 bemoolt ginn.

Donieft besteet och d'Méiglechkeet, sech en Tableau op Mooss ze bestellen, dat ass dann entweder e ganz spezifesche friend, deen ee selwer gestalte kann, oder een aus den 365 verschiddene friends selwer. Dës 'tailor made'  Reproduktiounen op Toile sinn 100 x 100 cm grouss a kaschten 375 €, de Katalog kann entweder am Bar vum goodbyemonopol2 gekuckt ginn, als PDF Fichier op Ufro (will@atypical.lu) zougeschéckt ginn oder einfach hei erofgeluede ginn.

Réckbléck

2012
Lëtzebuergerin vum Joer: Eliane Leger
Lëtzebuerger vum Joer: Romain Hilbes

2011
Lëtzebuerger vum Joer: Xavier Bettel

2010
Lëtzebuerger vum Joer: Andy Schleck

2009
Lëtzebuerger vum Joer: Andy Schleck

2008
Lëtzebuerger vum Joer: Jean-Claude Juncker

Eréischt zanter 2012 siche mir getrennt no der Lëtzebuergerin an dem Lëtzebuerger vum Joer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.