Angelina a Brad Pitt-Jolie verkloe britesch Zeitung

Zënter Méint hale sech Trennungsgerüchter ëm d'Hollwood-Koppel - e Fakt dee besonnesch schwéier fir déi Concernéiert muss sinn. Bei deenen ass d'Faass och elo iwwergelaf a si hunn d'Zeitung "News of the World" wéinst Verletzung vun der Privatsphär a vum Pressekodex verklot.

D'Boulevard-Zeitung hat leschte Mount an engem Artikel geschriwwen, de Brad an d'Angelina giffe virun dem Aus vun hirer Bezéiung stoen. Schonn am Dezember hätten hir Affekote Kontakt matenee opgeholl fir iwwert d'Suergerecht an d'Opdeelung vum Verméigen ze diskutéieren. Eng Geschicht déi sech weltwäit bannent kierzester Zäit verbreed huet.

De Keith Schilling, Affekot vum Angelina a Brad huet matgedeelt, datt "News of the World" net op d'Propose agaange wär, sech aussergeriichtlech ze eenegen.