Am Alter vu 40 Joer: Moudedesigner Alexander McQueen dout

De bekannte britesche Moudedesigner Alexander McQueen ass dout a senger Wunneng fonnt ginn. Hien ass just 40 Joer al ginn.

Diverse Medien no sollen et Indicen op Suicide ginn. De Pressebureau vum McQueen zu Paräis huet den Doud entretemps och confirméiert.

Als Designer huet de McQueen fir Givenchy geschafft, éier hien am Joer 2000 bei Gucci gewiesselt ass. Dodernieft hat hien och en eegene Moudelabel.

De McQueen huet laang als "enfant terrible" vun der Moudezeen gegolt, krut direkt e puer Mol de Londoner "Fashion Award" a war 2001 "briteschen Designer vum Joer".