Vältesdag: Nëmmen 30% vun de Leit ginn an de Restaurant

E Sonndeg ass den Dag vun den Verléiften. De Gros wëll Vältesdag dëst d'Joer awer doheem feieren. Dat geet aus engem athome.lu-Sondage ervir.

Wéi fannt Dir
dësen Artikel?
51.28%
48.72%
39 Vote(n)
Nëmmen 30% vun de Leit déi gefrot goufen hunn dëst d'Joer wëlles de 14. Februar an de Restaurant ze goen. Ob de Gros vun de Leit dëst d'Joer léiwer op ee Fuesbal ginn, geet aus dem Sondage net ervir.

Eent ass awer sécher. D'Romantik gëtt nach ëmmer grouss geschriwwe bei de Lëtzebuerger. E Candle-Light Dinner mat der passender Musek muss et awer scho sinn. Bal een Drëttel vun de Befroten déi bei der Enquête matgemaach hunn sinn allerdéngs der Meenung, datt Valentinsdag ze vill kommerziell ass. De Cadeau däerf awer net feelen. 20% si bereet tëscht 20 a 50 Euro fir hir grouss Léif auszeginn. 27% bliedere souguer bis zu 100 Euro op Théik.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.