Euromillions: 130 Mio. Euro fir e Brit an e Spuenier

Den Jackpot bei Euromillions ass geknackt. Ee Brit an ee Spuenier mussen sech déi 130 Milliounen Euro deelen.

D'Chance, fir déi 5 richteg Nummeren an 2 Stäeren unzekräizen, läit bei enger zu 76 Milliounen.

Dëse Weekend haten nees 40 Millioune Leit hiert Gléck versicht.