Brit-Awards: Wee war do? Ween huet gewonnen?

De 16. Februar war et endlech esou wäit. Fir 30. Kéier ass de wichtegste britesche Musekspräiss zu London verdeelt ginn.

Grouss Gewënnerin vum Owend war d'Lady Gaga. Si hëllt ganzer 3 Awards mat heem, dorënner den "Duerchbroch vum Joer", "Bescht International Sängerin" a "Beschten Album". Do ass esouguer e Star wéi déi 23-jähreg Sängerin den Tréinen no. Mee och de Public war geréiert wéi si an engem spezielle Medley dem verstuewene Moudedesigner Alexander McQueen geduecht huet.

Lady Gaga gedenkt dem Alexander McQueen


Besonnesch vu senge weibleche Fans ëmjubelt ginn, ass de Robbie Williams. Hie gouf mam Präis fir "Aussergewéinlech Leeschtunge" geéiert.

En anere grousse Moment war, wéi d'Sängerin Lilly Allen der Press matgedeelt huet, datt dëst säi leschten ëffentlechen Optrëtt gewierscht wär.  Déi 24-jähreg Britin wëll elo mol eng Paus aleeën a schafft elo op engem Büro.

Hei d'Lëscht mat de wichtegste Gewënner:

Bescht Britesch Performance an de leschten 30 Joer:
Spice Girls - Who Do You Think You Are

Beschte Britesche Solo-Artist:
Dizzee Rascal

Beschten Internationale Solo-Artist:
Jay-Z

Bescht International Solo-Artistin:
Lady Gaga

Beschte Briteschen Album an de leschten 30 Joer:
Oasis - Morning Glory

Beschten Internationalen Album:
Lady Gaga - The Fame

Bescht Britesch Band vum Joer:
Kasabian

Präis fir Aussergewéinlech Leeschtungen:
Robbie Williams

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.