Posthume PräisNoémie Siebenaller a Camille Arend gewielt

Déi 2 Mataarbechter vun "Le soleil dans la main", déi bei engem Fligeraccident ëm d'Liewe koumen, sinn d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer 2014.

De Camille Arend an d'Noémie Siebenaller waren op der Heemrees vun enger Missioun an Afrika. Si souzen an deem Fliger vun Air Algérie, deen de 24. Juli am Burkina Faso fortgeflunn ass an ni op senger Destinatioun ukoum. Tëscht Ouagadougou an Algers, iwwert dem Mali, ass hir Maschinn nämlech erofgefall. Kee sollt d'Ongléck iwwerliewen, och net déi zwee Benevoler vun der Asbl. "Le soleil dans la main".

Lëtzebuerger vum Joer posthum gewielt (01.01.2015)
D'Noémie Siebenaller an de Camille Arend sinn d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer.


Fir hiren Engagement goufen de Camille Arend an d'Noémie Siebenaller elo posthum ausgezeechent.

LëtzebuergerIn vum Joer 2014: Rep. Claude Zeimetz





An zwar andeems eng grouss Majoritéit vun de ronn 3.000 Leit, déi bei der Wiel vum Lëtzebuerger an der Lëtzebuergerin vum Joer matgemaach hunn, fir déi zwee engagéiert Leit ofgestëmmt hunn, déi esou onerwaart am Alter vun nëmmen 37 respektiv 20 Joer aus dem Liewe gerappt goufen.

Fir d'Wittfra vum Schoulmeeschter vu Wëntger, Anne Dichter, ass d'Auszeechnung e schéinen Hommage fir d'Aarbecht, déi hire verstuerwene Mann 10 Joer laang fir d'ONG geleescht huet.

Och d'Mamm vun der Lëtzebuergerin vum Joer Noémie Siebenaller, d'Brigitte Siebenaller, déi natierlech eng schwéier Zäit hannert sech huet, huet sech ähnlech iwwert de Präis gefreet. D'Rees am Juli war deen éischten Deplacement an der Entwécklungshëllef fir hiert Meedchen, dat réischt kuerz virdrun d'Première gemaach hat.

D'Aarbecht vum "Soleil dans la main" am Burkino Faso geet och trotz dem battere Verloscht weider. Duerfir suergt ënnert anerem den neie President Bob Guden. D'ONG hätt an de leschte Méint ganz vill Ënnerstëtzung kritt, seet de Bob Guden, fir deen de Präis och eng Auszeechnung fir d'Entwécklungshëllef am Allgemengen ass.

Sou e posthumen Titel ass och fir RTL.lu eppes Aussergewéinleches: Ma well een déi Verstuerwen als Kandidaten acceptéiert hat, war et kloer, datt ee si och als Laureate géif acceptéieren an den Titel dann ebe posthum vergi géing.

Bis elo konnte sech iwwer dësen Titel freeën:

2013: Sylvie Conter (Riichterin) a Gaston Vogel (Affekot)
2012: Eliane Leger (Infirmière) a Romain Hilbes (Buschauffer a Liewensretter)
2011: Xavier Bettel
2010: Andy Schleck
2009: Andy Schleck
2008: Jean-Claude Juncker

Eréischt zanter 2012 ginn d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer an zwou getrennten Ofstëmmunge gesicht.

Um Podium
 
Datt d'Leit dëst Joer effektiv bei hirem Choix eng sozial Oder gewisen hunn, gesäit een och bei deenen anere Plazen:

Op d'Plazen 2 an 3 vun der Lëtzebuergerin vum Joer kommen d'MSF-Infirmière Géraldine Bégué an d'Tessy Wies, déi sech mat hirem Assistenzhond fir d'Rechter vun de Behënnerten asetzt.



D'Plaz 3 beim Lëtzebuerger vum Joer ass fir den Athlet Yannick Lieners, deen no senger Leukämie-Diagnose de Plooschter-Projet fir Stammzelle-Spenden lancéiert huet. D'Plaz 2 ass fir e jonke Wiederfräsch aus dem Norden, de Philippe Ernzer vu Meteo Boulaide.



Hei déi jeeweileg Top 5:

Camille Arend
Philippe Ernzer
Yannick Lieners
Marc Schmit
André Urbing

Noémie Siebenaller
Géraldine Bégué
Tessy Wies
Tessy Fautsch
Jil Waxweiler



Ronn 3.000 Leit hu bei der Ofstëmmung matgemaach. Et huet sech dobäi ëm en Online-Vote op RTL.lu gehandelt, deen natierlech just fir d'Gemeinschaft vun de User vun RTL.lu eng Representativitéit kann hunn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.