Robert Pattinson a Kristen Stewart sinn eng Koppel

Zënter ville Méint gëtt an der internationaler Press iwwert déi 2 Haaptacteuren aus den Twilight-Filmer spekuléiert.

An dat wat vill Reporter a Fans scho geahnt hunn, dat huet de Robert Pattinson elo confirméiert. No enger Präisverdeelung zu London huet den 23jährege Brit fir d'éischt Kéier bestätegt, datt hien a seng Kollegin d'Kirsten Steward eng Koppel sinn.

Déi 2 Schauspiller hunn hir Léift méintlaang geheim gehale well si keng Opmierksamkeet op sech zéie wollten.

Ob d'Fans elo nach méi an d'Geschicht vum Bella a vum Edward kënnen antauchen wäert sech am Juli erausstellen. Da kënnt nämlech den drëtten Deel vun der Twilight-Saga "Eclipse" an d'Kinoen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.