Carlos Slim räichste Mënsch op der Welt - virum Bill Gates

Als räichste Mënsch op der Welt huet de Mexikaner Carlos Slim de Bill Gates iwwerholl, op der Lëscht vum amerikanesche Wirtschaftsmagazin Forbes.

De 70 Joer ale Carlos Slim huet seng Suen an der Telekom-Branche gemaach. Hien huet en estiméiert Verméige vun 53,5 Milliarden Dollar. De Bill Gates, elo op der 2. Plaz, soll 53 Milliarden Dollar hunn.

Op der 3. Plaz ass den Amerikaner Warren Buffet, mat 47 Milliarden.

Déi éischt 10 op der Forbes Lëscht-kommen zesummen op e Verméigen un am Ganzen 342 Milliarden Dollar.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.