St. Patrick’s Day: Ire feiere Patréiner - mat hire Frënn

De 17. Mäerz gëtt an Irland de St. Patrick’s Day gefeiert. E Brauch, dee mat de Joren awer och a vill aner Länner gezunn ass, och op Lëtzebuerg ...

Virun allem an de Puben dierft um Mëttwoch, 17. Mäerz nees eng méi lass sinn ...

Wee war de St. Patrick?

An der Legend heescht et, datt de Patricius de Fils vun engem réimeschen Offizéier war, deen am 5. Jorhonnert an der Provënz "Britannia" stationnéiert war. De Patricius soll ganz no dem kathouleschem Glawen an den Traditiounen erzu gi sinn. Aus senger Famill soll hien als Jugendlechen an Nordirland verschleeft gi sinn.

No 6 Joer soll en Engel him am Dram gesot hunn, hie soll fortlafen. Hien huet d'Flucht riskéiert an ass bis an d'Géigend vun dem haitegen Auxerre a Frankräich komm. Do ass hien an engem Klouschter zum Paschtouer geweit ginn.

No 12 Joer ass hien zréck an Irland gaange fir d'Heeden ze bekéieren. Hien huet Kléischter, Kierchen a Schoulen am ganze Land gegrënnt.



Firwat de 17. Mäerz?

De 17. Mäerz, wahrscheinlech am Joer 461 ass de St. Patrick verstuewen. Säin Doudesdag ass zum Nationalfeierdag fir Irland ginn.

Wee feiert St. Patrick's Day?

E gesetzleche Feierdag ass de 17. Mäerz an der Republik Irland, Nordirland, Montserrat an an der kanadescher Provënz Neufundland.
Mee weltwäit kritt de St. Patrick's Day ëmmer méi Importenz. Déi gréisste Paradeëginn et zu Dublin, New York, Boston an New Orleans. Och déi britesch Haaptstad London organiséiert fir deen Dag vill Evenementer.


Alles gréng oder wat?

Irland ass déi gréng Insel an esou ass de 17. Mäerz och alles gréng wat ee ka fierwen. Sou gëtt net nëmmen de Béier, mee och de grousse Floss Chicago River gréng gefierft.

Loscht op nach méi St. Patrick's Day Feeling? Lauschtert de ganzen Dag RTL Radio Lëtzebuerg. Do ginn et net nëmmen 3 Reesen op Dublin ze gewannen, mee och de ganzen Dag Musek vun iresche Bands wéi z.B. U2 oder de Cranberries ...


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.