Déi coolst Wäschmaschinn vum Joer

Wäsche mécht net esou schrecklech vill Spaass, mee mat "Swirl" kéint dat sech elo änneren.

Se gesäit aus wéi eng Mëschung aus engem Gymnastikball an enger Kannerkutsch. Am Ënnerscheed zu all deenen anere verbrauch si awer kee Stroum.

De Prinzip ass einfach: D'Swirl-Wäschmaschinn besteet haaptsächlech aus enger Trommel.
A wéi wäscht een domat? Mam Swirl fiert ee wéi mat enger Kutsch. Doduerch dréint déi Trommel an d'Wäsch gëtt gedréint a gutt duerchgespullt.

Natierlech wäert "Swirl" net eis gutt al Wäschmaschinn ersetzen. Un éischter Stell war si als Léisung fir besonnesch dréche Länner geduecht. Mee als Handwäschmaschinn oder exklusiven Design-Objet kéint si och a munch Stod an eiser Géigend stoen.