Jennifer Hawkins: Plakegt an onretouchéiert Covergirl

RTL - 17.03.2010, 15:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.03.2010, 15:31 | 0 Commentaire(n)

Op de Covere vun den Zäitschrëfte laache si eis un, mat hire wäissen Zänn, blénkegen hoer a perfekte Kierperen.

Wa mir déi wonnerschéi Modellen a Staren op Plakater an an Zäitschrëfte gesinn, si mir dacks einfach nëmme jalous op hiert Ausgesinn. Déi meescht vun eis vergiessen dobäi awer, datt si virum Shooting stonnelaang bei engem Coiffer an engem Visagist waren. Nom Shooting ginn d'Fotoen dann deeglaang verschafft a retouchéiert.

Déi australesch Versioun vun der Fraen-Zäitschrëft "Marie Claire" huet decidéiert hiert aktuellt Coverbild net ze retouchéieren.

Och wann et sécher e Schratt an déi richteg Richtung ass, sou gëtt et awer e klenge "Schwaachpunkt": op der éischter Säit ass keen anert wéi d'Topmodel a Miss Universe  vun 2004 Jennifer Hawkins, dat scho vun Natur aus iwwerduerchschnëttlech gutt ausgesäit.

Schonn am Januar huet déi däitsch Zäitschrëft "Brigitte" decidéiert keng Modeller, mee ganz gewéinlech Fraen z'engagéiere fir op hir Säiten.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.