Félicitatioun!! De Fränk Schleck ass Papp ginn

Um Donneschdemoie kuerz no 6 Auer huet d'Fra vum Fränk Schleck, d'Martine Schleck-Schmid, e klengt Meedchen op d'Welt bruecht.

Archivbild
Mamm an Duechter si bei beschter Gesondheet.

Deem klenge Meedchen säi Virnumm ass Leea.

Dem Fränk, deen iwweregens de selweschten Dag säin 30. Gebuertsdag gefeiert huet, a senger Fra, nëmmen déi bescht Wënsch.

Traureg ass de Frank Schleck, dass hien déi kleng Famill schonns muss alleng loossen. Vun e Freideg un ass hien zesummen mat sengem Brudder Andy bei senger Equipe, fir sech op d'Ardenne-Klassiker ze preparéieren.

Fir dës Klassiker huet iwwregens hiren Equipier Fabian Cancellara Forfait erkläert.
De Schwäizer huet dëst Fréijoer ënnert anerem schonns den Tour des Flandres a Paris-Roubaix gewonn.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.