Frank Ribéry a Sidney Govou: Sex mat Mannerjäregen?

Déi franséisch Footballnationalspiller Frank Ribéry a Sidney Govou sinn an enger Affär vu Proxenitismus vu Mannerjäreger viru Geriicht gehéiert ginn.

Et geet ëm eng franséisch Boîte, an där d'Spiller vun der franséischer Nationalequipe alt gär higaange sinn. Do solle Mannerjäreger als Prostituéiert geschafft hunn.

Ee vun de Spiller hätt den Enquêteuren zouginn eppes mam Meedchen gehat ze hunn, ouni ze wëssen, datt et mannerjäreg wier.

Dem Frank Ribéry senger Affekotin no, huet hien näischt mat der Affär ze dinn. Hie wier als Zéie gehéiert ginn, alles, wat doriwwer eraus nach géng un den Dag kommen, géng an d'Privatliewe vun hirem Client falen.