Wann d'Box ze déif rutscht...

Ganz vill jonk Frae kennen dat Gefill, wa si sech bécken an d'Box rutscht mat...

D'Boxen halen zwar elo net op mat rutschen, mee op mannst ass et den Dammen net méi esou penibel.
Déi moudesch Léisung heescht "Bactacular Gluteal Cleft Shield" an ass eng hypoallergenesch Plooschter déi een einfach iwwert d'Krippche päsche kann. Natierlech kritt ee vill verschidde Motiver wéi Blummen oder Päiperlécken.

Ween net onbedéngt wëll verstoppen, mee éischter verschéineren, dee kéint un dësem Modell vun der Lingerie Marque "Agent Provocateur" Gefale fannen.



Oder éischter méi verspillt vun der britescher Marque FunLingerie:



Ob dat elo d'Männerwelt erfreet oder éischter net, ass sécher eng Affaire de Goût!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.