Keng Hochzäit fir déi schwedesch Prinzessin Madeleine

Rumeur konfirméiert: Déi schwedesch Prinzessin Madeleine huet sech no siwe Joer vun hirem Verlobte Jonas Bergström getrennt.

D'Koppel géif an Zukunft getrennte Weeër goen, huet e Samschdeg de schwedesche Kinnekshaff matgedeelt. Si wieren zu der Konklusioun komm, datt eng Trennung dat Bescht fir si wier.

Déi 27 Joer al 'Prinzessin Madeleine an de schwedeschen Affekot haten sech am August d'lescht Joer verlobt an haten och schonn hir Hochzäit annoncéiert.

Déi lescht Deeg wor d'Rumeur zirkuléiert, datt hiren zukünftege Mann eng Affär soll gehat hunn. D'Prinzessin Madeleine kënnt op déi drëtt Plaz an der schwedescher Trounfolleg hannert hirer Schwëster Victoria, déi am Juni bestuet gëtt an hirem Brudder Carl Phillip.