Série vu Suiciden an der Moude-Branche

Um Mëttwoch koum d'Nouvelle datt de 24jähregen Ambrose Olsen sech a sengem Appartement zu New York d'Liewe geholl huet.

Scho leschten Donneschden soll den Amerikaner sech d'Liewe geholl hunn.

Dem jonke Mannequin seng Carrière hat 2007 richteg ugefaange wéi hien eng Campagne fir Armani gemaach huet. Dono huet hien nëmmen nach fir déi grouss Marque geschafft: Burberry, Louis Vuitton, Hugo Boss an Yves Saint Laurent.

Leider ass den Ambrose Olsen awer nëmmen ee vun enger ganzer Rëtsch Mannequinen déi a leschter Zäit net méi mat hirem Liewen eens gi sinn.



Den 22. Abrëll ass d'Model an Télésprésentatrice Lina Marulanda aus dem 6. Stack vu sengem Appartement zu Bogotà gesprongen. D'Kolumbianerin hat nëmmen 29 Joer.



Am Februar koum déi traureg Nouvelle, datt den Designer Alexander McQueen sech d'Liewe geholl huet. Nieft senger Aarbescht fir Givenchy, hat hien och säin eegene Label.



Am November 2009 erhängt d'Daul Kim sech am Alter vun 20 Joer a senger Wunneng zu Paräis. D'Süd-Koreanerin war 2008 eréischt zum Mannequin vum Joer vun der Zäitschrëft "Anan" gewielt ginn. Bis zu hirem Dout huet si fir Lagerfeld, Vivienne Westwood a Chanel geschafft.



Nach keng 2 Joer ass et hir, datt d'Ruslana Korshunova sech um Balkon um 9. Stack aus sengem Appartement zu Manhattan gestierzt huet. Dat 20jähregt Model aus dem Kazakhstan huet ënnert anerem fir Clarins a Kenzo geschafft.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.