Vulkanäschen: Stoppe Fligere, mee si gutt fir d'Haut

Déi meescht Fluggesellschaften hoffen, datt esoubal keen islännesche Vulkan méi ausbrécht. D'Japaner dogéint hunn do eng Marktlück fonnt.

Op mannst déi Leit déi Bimssteen-Seef oder -Botzmëttel benotzen, däerft dës nei Kosmtikligne net allzevill erstaunen. Vulkanäsche sollen eng rengegend Wierkung op eis Haut hunn a bis déif an d'Pore goen.

"Tengen" heescht déi japanesch Firma déi elo jordausend al Äschen traitéiert an an enger Crème verschafft. Si botzt al Hautzellen ewech, ouni zevill agressiv ze sinn. D'Äsch ass zwar richteg al, mee si soll hir Consommatricen awer zu méi jugendlecher Haut verhëllefen.
Wäiss Äsch "Shirasu"

D'Äsch däerf allerdéngs net esou einfach geholl ginn, mee déi Wäiss Äsch, sougenannte "Shirasu" muss déif aus dem Buedem kommen. Si ass schätzungsweis viru 400.000 Joer no engem massive Vulkanausbroch entstanen.

Ob d'Islänner elo och ähnlech Produiten aus hirem Eyjafjallajökull kënne produzéieren, bleift ofzewaarden.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.