De Gabriel Aubry trennt sech vum Halle Berry

De Gabriel Aubry, huet iwwer seng Agence matdeele gelooss, datt hien an d'Halle Berry sech giffen trennen.

No 5 Joer Bezéihung huet d'Koppel elo public gemaach, datt si an Zukunft getrennte Weeër wäerte goen. E Bekannte vun der Koppel behaapt, datt déi 9 Joer Altersënnerscheed näischt mat der Trennung ze dinn hunn. Si giffen am gudden ausernee goen a weiderhi mat Léift a Respekt mateneen ëmgoen.

Scho virun 2 Méint hätte si mat hiren Affekoten all juristesch Froe gekläert. D'Suergerecht fir d'Nahla, hiert 2jähregt Meedchen, giffe si deelen.



Un der Säit vun der Oscar-Gewënnerin soll et awer schonn nees en neie Mann ginn. Si soll mat engem (nach) onbekannte Mann d'Theaterstéck "Fences" gekuckt hunn. E Fotograf vun der Zäitschrëft TMZ huet d'Koppel geknippst wéi si Hand an Hand getrëppelt sinn. E gudde Frënd oder villäicht awer eng nei Léift?