Kachelmann: Aussoe revidéiert - dach keng Vergewaltegung?

D'Exfrëndin vum bekannten däitsche Wiederfräsch Jörg Kachelmann huet engem Artikel vum Nooriichtemagazin Spiegel no hir Reprochen zum Deel korrigéiert.

Si hätt hir Aussoen an 2 Punkte misse revidéieren, um eigentleche Virworf vun der Vergewaltegung awer festgehal.

De Jörg Kachelmann, 51, sëtzt zanter dem 20. Mäerz zu Mannheim an Untersuchungshaft a streit all Virwërf of.