Dat 39jähregt Topmodel ass vergaangene Freide fir d'drëtt Kéier Mamm ginn.
Vun RTL
Dat klengt Meedchen huet am bekannten "Portland Hospital" zu London d'Liicht vun der Welt erbléckt. D'Césarienne ass gutt verlaf a Mamm an Duechter si gesond a monter. Den Numm vum jéngste Spross ass awer nach geheim a soll der Press eréischt nächst Woch matgedeelt ginn.
D'Claudia Schiffer an hire Mann, de Réalisateur Matthew Vaughn, ass et dat drëtt Kand. Am Januar 2003 kënnt dee klenge Caspar Matthew op d'Welt, 22 Méint méi spéit d'Clementine, dat elo 5 Joer huet.
Eréischt virun e puer Wochen hat dat 1m79 grousst Topmodel sech plakeg mam Babybauch fir d'Moudezäitschrëft "Vogue" ofliichte gelooss.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.