Jörg Kachelmann wéinst Vergewaltegung ugeklot

Den TV-Wieder Expert Jörg Kachelmann gouf lo zu Mannheim wéinst dem Verdacht op Vergewaltegung a geféierlech Kierperverletzung ugeklot.

Den 51 Joer ale Schwäizer soll am Februar seng 36 Joer al Frëndin vergewaltegt, a mat engem Messer menacéiert hunn, well hat sech vun him trenne wollt. Hie sëtzt zënter 2 Méint an Untersuchungshaft.