VIDEO - Fashion WeekD'Valérie Wagner ass zu Berlin mat defiléiert

D'RTL-Meteo-Presentatrice ass um Freideg op der Fashion Week zu Berlin, engem vun den exklusiivste Fashion-Events an Däitschland, mat defiléiert.

Reportage: Valérie Wagner op der Fashion Week (23.01.2017)
D'RTL-Spectateuren kennen hatt vun der Meteo op RTL Télé - ma an der Moudebranche ass d'Valérie als Model bekannt.

An hei war hatt och op der Fashion Week zu Berlin aktiv.

Am Publikum vum Defilé waren och vill däitsch Prominenter, et war eng vun den Haaptshows vun der offizieller Fashion Week.

D'Valérie seet sech op alle Fall ganz geéiert, datt si hei duerft matlafen.

D'Designerin war d'Isabel Vollrath.

Wiederfee Valérie Wagner um Catwalk zu Berlin



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.