Afghanistan (1)E gemittleche Guide an eng nervös Geheimpolizei

De René Hilbert alias Ren on Tour war nees ... um Tour - endlech! Enn 2016 huet hien, elo haalt Iech un, Afghanistan bereest an nees vill erlieft.

Hei den Optakt vum Ren senger Afghanistan-Chronik. Fir unzefänke geet et vu Kabul op Mazar-e Sharif:

Afghanistan, bei deem Numm denken déi meescht Leit u Krich, Zerstéierung a Misär, fir Reesender ass dat Land awer säit Éiwegkeeten eng faszinéierend Destinatioun. Sief et déi spektakulär a rau Landschaften, déi an de schéinste Faarwe liichten, déi wonnerbar Kultur oder de grousse Kämpfergeescht, mat deem d'Afghane säit Joerhonnerte fir hir Onofhängegkeet kämpfe mussen - jiddereen huet wuel seng eege Grënn, fir dat Land wëllen ze bereesen.

© René Hilbert

2002 stoung ech un der Grenz zu Afghanistan, op der pakistanescher Säit, um Kyberpass, an ech hunn net mam Motorrad dierfen areesen. Schonn deemools war ech vun deem geheimnisvolle Land, vun deem een esou wéineg gewuer gëtt, faszinéiert, a säitdeem huet mech de Wonsch, dat Land ze gesinn, net méi lass gelooss. Am September 2016 sollt et dunn esou wäit sinn, zesumme mat menger Frëndin Anne hu mir geplangt, fir dräi Wochen duerch Afghanistan ze reesen.

Awer do fiert een net einfach esou hin!

Obwuel op der Websäit vun der afghanescher Botschaft zu Bréissel geschriwwe steet, dat Touriste Visaen ouni Aluedung ausgestallt géife ginn, gëtt déi éischt Demande refuséiert mam Argument, datt déi Aluedung aus Afghanistan feele géif. No villen Diskussiounen um Telefon den zweete Versuch, awer trotz positive Gespréicher gëtt och dee refuséiert, "keng Aluedung, kee Visa". Fir déi Aluedung vum afghaneschen Ausseministère ze kréien, brauch een eng Aluedung vum afghaneschen Tourismusministère ... No enger seriöer Zidderpartie kréie mir schlussendlech déi gewënschten Aluedung an doropshin och e Visa.

"Welcome to Afghanistan"

Wann een zu Kabul um Fluchhafen ukënnt kritt een emol eng afghanesch Identitéitskaart. Ouni Guide, dee virun allem déi néideg Kontakter muss hunn, fir permanent déi aktuell Sécherheetslag fir déi Géigend, wou ee grad hi wëll, nozefroen, an deen iwwersetze kann, well net vill Leit schwätzen englesch, kënnt een net virun do. Awer do, wou de Guide soll op eis waarden, ass just e Beamten, dee Gepäck scannt vu Leit, déi op de Fluchhafe wëllen. Nodeems mir eng Zäitchen do stinn, freet de Mann, wou de Problem wier. Nodeems mir him dem Guide seng Handysnummer ginn hunn, rifft hien un, grinst a seet: "Hien huet geschlof, hien huet Iech vergiess. Bis en hei ass, kënnt Dir en Téi drénken." De Mann bréngt eis zwee Still an zwou grouss Tasen Téi, "welcome to Afghanistan".

No enger hallwer Stonn kënnt dunn e jonke sympathesche Kärel, dee sech als Gul virstellt, mat engem alen Toyota un an huet déi lëschtegst Erklärunge fir seng Verspéidung. Hien huet allerdéngs esou en ustiechend Laachen, dat een him net béiss ka sinn.

Well et vun der Auerzäit passt, fuere mir direkt an e Restaurant, vu baussen onscheinbar, verstoppt sech hannendrun e wonnerbare Gaart mat Déieren, wou ee gemittlech an enger zeltähnlecher Ofdeelung sëtze kann.

Spillen um Kierfecht, pilgere bei de Babur

Um Bord vu Kabul steet de Sakhi Schräin, ëmréngt vun Haiser, déi an de Bierg gebaut sinn, um Fouss vum Bierg ass de Kierfecht, d'Leit lafen driwwer, d'Kanner spillen drop, si schéngen eng méi labber Bezéiung zu hiren Doudegen ze hunn. D'Gebai ass mat handgemoolte Plättercher dekoréiert a liicht a schéinem Türkisblo.

E beléiften Ausfluchszil, och fir d'Afghanen, ass den Hiwwel Bibi Mahru, op deem de Burhanuddin Rabbani, den 10. afghanesche President, begruewen ass. Eng geschichtsträchteg Plaz, vun do aus soll de Barbur, de Grënner vum Mogulräich, seng éischt Blécker op Kabul gehäit hunn, do hunn d'Englänner am éischten englesch-afghanesche Krich déi Schluecht verluer, déi zu hirer Nidderlag gefouert huet.

Vun do aus huet een eng wonnerbar Siicht iwwer Kabul. Déi eng Säit dee méi aarmen Deel vun der Stad, wou d'Stroossen net goudronnéiert an d'Haiser kleng an einfach sinn, déi aner Säit, wou et ganz gréng ass, vill Villaen a sämtlech Ministère sinn. Eent vun de gréisste Gebaier ass den afghaneschen Verdeedegungsministère, och klenge Pentagon genannt. Déi amerikanesch Botschaft huet gigantesch Ausmoossen, stänneg kreesen 2 Helikopter driwwer.

Schwämm ouni Waasser - awer mat Blutt

An da steet do nach eng Schwämm, surreal, vun de Russen erbaut, mat olympesche Moossen an engem 10 Meter Sprangbriet. Als Schwämm koum si ni zum Asaz, well et de Russen e bëssche spéit gedimmert huet, dat een net genuch Waasser op de Bierg kritt, fir de Baseng ze fëllen. Während dem Talibanregime gouf se du mëssbraucht fir Exekutiounen duerchzeféieren. Ee vun engem 10-Meter-Tuerm ze stoussen, war anscheinend déi ideal Method, fir de Feinde vum Regime e schmäerzvollen a grausamen Doud ze spendéieren.

© René Hilbert

De Musée zu Kabul ass e Besuch wäert. Direkt niewent dem Darul-Aman Palais geleeën, deen am Géigesaz zum Musée nach net restauréiert ass, d'Aarbechten hu grad ugefaangen, kann een am Musée wonnerschéin al Kulturschätz bewonneren, besonnesch gutt gefall huet mir eng Heizung a Form vun engem grousse Vull dee mat Holzkuele gefëllt ginn ass. E wéineg speziell ass eng kleng Hal mat e puer alen Autoen, dorënner 2 Rolls Roycen, alles an engem schlechten Zoustand.

Dem Barbur seng Gäert sinn erëm eppes, iwwer dat ech staunen, hätt ech zu Kabul esou net erwaart. Grouss, gréng, schéi gefleegt, symmetresch ugeluecht, esou guer eng Fotoausstellung vum Josephine Powell, déi vun 1958-1971 an Afghanistan gelieft huet, gëtt et ze bewonneren.



Vill Hürde fir bei "d'Graf vum Hellegen"

Am Nomëtteg solle mir de Fliger op Mazar-e Sharif huelen, de Wee iwwer d'Strooss ass leider ze geféierlech, well en duerch Taliban kontrolléiert Gebitter féiert. Wann een zu Kabul op de Fluchhafe well, dann ass ee gutt beroden, sech fréi op de Wee ze maachen. Eigentlech hate mir nëmme mat den dräi Sécherheetskontrolle gerechent, déi een duerchlafe muss fir eran, awer just virum zweetleschte Kreesverkéier, Tonnen Arméi mat gepanzerte Gefierer, vill Opreegung, mir mussen an enger aner Richtung fueren, "virun, virun, schnell, schnell", bei verschiddenen Autoe schloen d'Poliziste mat der Hand op de Capot, fir dat d'Chauffere sech beganne sollen, e Camion steet queesch an der Strooss fir de Verkéier iwwer 2 Bunnen ze stoppen. En héicht Déier gëtt erwaart. Mir fueren op d'Säit, no e puer Minutten trëppele mir bei e Polizist a froen, ob mir zu Fouss op de Fluchhafen dierfe goen. "Jo, mä fläisst Iech." Also schnell alles aus dem Auto a lass.

An de Fluchhafe selwer kënnt een net esou einfach eran, scho wäit virdrun eng éischt Sécherheetskontroll, mat Kierper Oftaaschten a Gepäck Kontrolléieren. No e puer honnert Meter si mer bei der Kontroll, wou mer den Dag virdrun en Téi kritt haten, fir op de Guide ze waarden, nach emol Kierperkontroll an d'Gepäck röntgen. Dann ass de Fluchhafe komplett gespaart, bis déi "wichteg" Persoun fort ass, duerno dierf een nom aneren duerch eng schmuel Dier bis an de Fluchhafen, dann erëm eng Kontroll vun allem. De Fluch op Mazar e Sharif ass kuerz, 40 Minutten, et lount sech beim Anchecken, no enger Fënsterplaz ze froen, d'Landschaft, iwwer déi ee flitt, ass wonnerschéin. Héich Biergketten, wüstenaarteg a liewensfeindlech ouni Vegetatioun a waarme Brongtéin gemoolt, dertëschent gréng Däller a kleng Dierfer mat Haiser aus Lehm.

Zu Mazar ukomm liesen ech, dat zu Kabul 4 Selbstmordattentäter gefaasst gi sinn, si waren ze midd, fir hir Aktioun ze starten, well si mat hire schwéiere Sprengstoffwesten hu misste wäit zu Fouss goen. "Gutt fir eis", seet de Gul.

Zu Mazar-e Sharif steet de Mausoleum vum Ali, dem Schwoer vum Mohammed. Mazar-e Sharif heescht iwwersat "d'Graf vum Hellegen". Enner den Historiker ass et ëmstridden, ob et wierklech den Ali ass, deen do begruewe läit, et kéint och sinn, datt et de Prophet Zarathustra wier. 't ass och egal, wien do Läit, et ass wéi an all Relioun, d'Haaptsaach, et gleeft een drun. Onëmstridden ass, datt dat Gebai aus dem 15. Joerhonnert eng vun de schéinste Moscheeë weltwäit a fir mech eng vun den Haaptattraktiounen an Afghanistan ass. Et war d'Foto vun deem Gebai, déi ech ëmmer am Kapp hat vun deem Land, déi Plaz, déi ech wollt gesinn, wann ech Afghanistan jeemools dierft bereesen.

Rumi, Zarathustra an Alexander zu Balkh

Wann ee moies um 6 Auer do sëtzt an d'Sonn opgeet an nach ganz wéineg Leit do sinn, dann ass do schonn eng aussergewéinlech a wonnerbar Stëmmung. Et ass ganz roueg, a mat der Sonn déi ëmmer méi héich klëmmt, fänken déi blo a giel Plättercher an hiren intensive Faarwen u mat Liichten.

Virun der Moschee ass eng Plaz, wou ganz vill wäiss Dauwe sinn, si passe gutt dohinner an droe wuel hiren Deel zu der friddlecher Stëmmung bäi. D'Leit kafe Kären a fidderen se, Afghane si grouss Frënn vu Villercher, dofir gëtt et zu Kabul och de Villerchersmaart.

Vu Mazar sinn et zwanzeg Kilometer op Balkh, eng wichteg Wallfahrtsplaz, wou ënner anerem déi gréng Moschee steet, Iwwerreschter vun der fréier Festungsmauer ze gesi sinn, déi eelste Moschee vu ganz Afghanistan an dem Rumi, dem bedeitendste perseschen Dichter, säi Gebuertshaus steet. Zu Balkh, eng vun dënn eelste Siidlungen an Zentralasien, war eng lass fréier. Hei huet de Prophet Zarathustra, de Begrënner vum Zoroastrismus gelieft, den Alexander de Groussen huet sech hei bestuet, d'Seidestrooss huet hei eng aner wichteg Handelsstrooss gekräizt.

Zum Gléck just d'Geheimpolice ... mat Kalaschnikow

Nodeems mir d'Haaptstrooss verlooss hunn, fir bei d'Iwwerreschter vun der Festungsmauer ze fueren, kucke verschidden Aen zimlech kritesch op eis. Dobäi ass et net wierklech nëtzlech, heiansdo eng Foto aus dem fuerenden Auto ze maachen. Nom Duerf héiert de Makadamm op, mir bewegen eis mat eisem alen Toyota Corolla zimlech gemittlech op dem knubbeleg a stëbsege Buedemwee, wéi zwee Männer op engem klenge Motorrad niewent eis fueren an Zeeche maachen, stall ze halen. Deen hannendrop huet eng Kalaschnikow ëmhänken, d'Anne fënnt déi zwee nawell fotogen a mengt: "Maach emol eng Foto vun deenen". Deem Wonsch kommen ech net no, et stellt sech eraus, datt dat nawell eng gutt Iddi ass. Et ass d'Geheimpolice, déi den Uerder gëtt, zeréck an d'Duerf ze fueren, fir hire Chef ze gesinn. Et ass waarm, awer de Schweess um Gul senger Stir huet näischt mat der Temperatur ze dinn, hien ass erliichtert, datt et "nëmmen" d'Geheimpolice ass, "genee esou gesinn d'Taliban aus" seet hien.

Am Duerf spillt sech de Chef a Präsenz vu sengen Unhänger wéi e Pohunn op, mir hätte keng Genehmegung a.s.w. No enger Véierelstonn verhandele mam Gul wëllegt hie schliisslech an datt mir bei d'Festungsmauer fueren, ënner enger Bedéngung, hien dierf matfueren an de Guide spillen, de Gul gëtt zum Tourist an Iwwersetzer degradéiert.

1 Bir a Milliounen Dollar

A well hien dem Gul weise wëll, wien de bessere Guide ass, gi mir nom Besuch vun engem Graf mat engem immens groussen Hellegen, d'Graf war ongeféier 6 Meter laang a soll der Originalgréisst vum Mann entspriechen ... nach dem Rumi säi Gebuertshaus kucken, oder besser, wat dovunner iwwereg bliwwen ass, eng Spëtzt mat e puer Bei aus bronge Leemzillen. Knapps si mir do, tauchen e puer Männer mat Kalaschnikowen op, hei ass alles ënner Kontroll. Eng 60-Watt-Bir hänkt an der Mëtt vun der Ruin am Fräien a liicht am hellen Dag, si passt esou guer net an d'Landschaft, villäicht soll si jo nëmme symboliséieren, dat de Rumi hei eng Erliichtung kritt huet. Kee Schëld weist op d'Wichtegkeet vun dëser Plaz hin, nach kee Schëld. Well ëm d'Iwwerreschter vum Haus ass alles dem Äerdbuedem platt gemaach, do stounge fréier Haiser wéi mir erkläert kréien, all ofgerappt, well d'Tierkei do fir 60 Milliounen Dollar (!!!) eng Gedenkstätt fir de Rumi baue wëll. De Rumi war e persesche Sufi-Mystiker an ee vun de bedeitendste perseschsproochegen Dichter, hien ass 1273 an der Tierkei zu Konya gestuerwen an ass do begruewen.

Ier mir de selwer ernannte Guide am Duerf erëm erausloossen, gëtt hien dem Gul seng Handysnummer, schlussendlech keng schlecht Affaire fir eise Guide an Iwwersetzer, sou kann hien déi nächste Kéier am Fall wou, de Chef direkt uruffen. An hien huet e neit Ausfluchszil, well fir hie war et och den éischte Besuch beim Rumi sengem Gebuertshaus.

Ren



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.