Afghanistan (3)Léiwer Safran a Kamellen ewéi Demo a Gefor

De René Hilbert erlieft Herat, zweetgréisste Stad vum Land a fréier als asiatescht Florenz bekannt - vill ass dovun awer net méi Rescht ...

Wéinst dem Gebuertsdag vum afghaneschen Nationalheld Massoud, engem Mudschaheddin-Kämpfer, deem seng iwwergrouss Portraiten a ganz Afghanistan hänken, ass déi komplett renovéiert Zitadell zu Herat leider zou. An der zweetgréisster Stad vum Land gëtt et awer méi ze gesinn, schliisslech gouf Herat vum 15. bis zum 17. Joerhonnert als dat asiatescht Florenz bezeechent.

Wie gutt schmiert, dee gutt fiert?

Beim Mausoleum vum Kinnek Shāh Rukh senger Fra Goharshād Begum wollt de Wiechter d'Paart fir an de Park och net opspären, den Dag kënnegt sech schwiereg un. Wéi de Gul et hi kritt huet, weess ech net, ob e puer Afghani onbemierkt de Besëtzer gewiesselt hunn oder net, de Mann léisst sech ëmstëmmen ...

Dat véiereckegt Gebai gesäit mat senger Kuppel e wéineg aus ewéi en Observatoire, fir d'Stären ze kucken. Et läit direkt niewent dem Gawharshad-Musalla-Komplex, engem Iwwerrescht vu 5 Minaretten, déi emol wonnerschéi mat bloe Plättercher dekoréiert waren. Et soll e Bësch aus Minarette gewiescht sinn, de Gros hunn d'Englänner am Krich zerstéiert, en Äerdbiewen huet duerno nach e puer Stéck flaach geluecht. Déi, wou nach sti sinn, an engem erbäermlechen Zoustand.



Et gëtt vill Moscheeën zu Herat, déi éischt, déi mir usteieren, ass Gazar Gah, do läit de Sufi-Mystiker an Hellege Khwajah Abdullah Ansari begruewen. Hie gëtt als Beschützer vun Herat veréiert. An der Entrée sëtzen e puer Zaldoten, e Bild mat engem duerchgestrache Fotoapparat ass ëmmer en Challenge, wéi een dat Verbuet ëmgoe kann.



De Gul: "Nëmmen net knipsen, bis ech eppes soen." Mir wanderen tëschent de Griewer bis zum Graf, wou den Hellege begruewen ass, hannendru sinn e puer Nischen, de Gul pëspert, den Zaldot weist mir eng Nisch, ech soll mech do dra stellen. Komescherweis kann ech vun där Stopp aus just d'Frae beim Biede fotograféieren, eppes, wat een op kee Fall dierf. Nodeems den Zaldot seng Afghani schnell verstaut huet, ginn d'Regele méi labber.

- "Dierf ech hei?"
- "Jo."

Ech kann op eemol iwwerall a jiddwereen am Bild festhalen. De Schäi schéngt gepasst ze hunn.

Rullen, bis ee gebremst gëtt ...

D'Anne pilgert monter op d'Säit vun de Fraen, hatt huet extra fir dës Rees Dari geléiert, awer Dari hin oder hier, eng Madame fënnt, dat hatt ze labber gekleet ass an zitt him de Fischi iwwer d'Hoer an d'Ärem vum Pullover erof, e bëssche Respekt w.e.g.



Et ass den Dag vun de Moscheebesich, mir besichen se anscheinend all. Iwwerall sëtze Männer a liesen am Koran, ausser beim Graf vum Khawja Ghalatan, do sëtzen zwou Fraen, do gëtt et e besonnescht Wonner ze bestaunen, wat mir direkt demonstréiert kréien. Et leet ee sech do op de Buedem, d'Hänn virun d'Gesicht an da gëtt ee sech e Ruck, fänkt u mat Rullen a kann net méi unhalen, bis ee vun enger anerer Persoun gebremst gëtt. Ech sinn och gerullt, bis de Gul mech opgefaangen huet, kee Wonner, dat een net gebremst kritt, et weess ee net méi, wou ënnen oder uewen ass. Duerno gëllt een als vum Khawja geseent, da kann ech jo vun elo u berouegt an d'Zukunft kucken.



Den Highlight vum Dag war en ale Mann, deen ënner engem Bam bei engem Sufi-Schräi souz ze bieden oder ze meditéieren. D'Sufie fannen ech ganz faszinéierend, do gëtt et z.B. déi danzend Derwischen, wou ech mech ëmmer wonneren, datt si net ëmfalen, wa si sech esou laang a schnell dréien. An da gëtt et Qalander, Wanderderwischen, déi e Minimum u Reliositéit liewen. Ech géif gären emol op Sehwan a Pakistan op d'Gebuertsdagsfest vum Lal Shahbaz Qalander, dat 3 Deeg dauert, fueren an erliewen a fotograféieren, wann do déi déck Trommele mat iwwer engem Meter Duerchmiesser nom Owesgebiet d'Derwische ruffen, déi da bis zur Ekstas danzen. Vum Lal Shahbaz staamt och de Saz: "Ech kenne just Léift, Rausch an Extas." Dat ass dach emol eng gesond Liewensastellung.

Note vun der Redaktioun: Op dësen Tempel, deen de René Hilbert gären eemol besiche géif, gouf et um Donneschdeg e ganz bluddegt Attentat.

Artikel vun der AFP op 5minutes.rtl.lu: Pakistan : au moins 70 morts dans l'attaque d'un sanctuaire soufi.

"Made in Herat, Afghanistan"

Deen ale Mann straalt eng angenehm Rou aus, während hie seng Gebietsketten an der Hand hält a mam Gul potert, seng lescht Zänn änelen den Iwwerreschter vun de Minaretten, déi mer de Moie besicht hunn. Leider sinn d'Sufi-Opféierungen nëmme samschdes.



Datt se net kreativ hei wieren, ka keen hinne virwerfen, e Mann huet aus engem Rollstull e klengen Auto gebaut a fiert domadder monter op der Strooss, um hënneschte Rad steet stolz "Made in Herat, Afghanistan", immens!

Fir 2 € kritt een e ganze Poulet am Restaurant, do kann een net kloen.

"Ech wëll net stierwen"

Dem Massoud säin Doudesdag ass natierlech en Ulass, fir ze féieren oder seng Roserei auszedrécken, datt hie vun den Taliban ëmbruecht gouf. Wéi ech de Stroum vu Leit gesinn, deen an déi ofgespaarte Strooss zitt, well ech och dohin, do ass bestëmmt eng lass, dem Gul seng Äntwert: "Ech wëll net stierwen." Zu Kabul komme 4 Leit bei de Feieren ëm d'Liewen.

Dofir fuere mir awer nach an e Kamelle-Buttek, et huet een d'Wiel tëschent am lassenen oder am Kilo verpaakt. Do gëtt et och gudde Safran vun Herat ze kafen, 2,5 € de Gramm. Safran gëtt haaptsächlech am Iran ugebaut, während der russescher Besetzung si vill Afghanen an den Iran geflücht an hunn do d'Safrankultivéierung geléiert. Haut ziichten d'Fraen zu Herat Safran op de Felder, wou d'Männer fréier den Opium ugebaut hunn.

Vu schappege Käfeger

An da gëtt et nach e Ressort mat engem schrecklechen Zoo, et ass schonn e wéineg däischter, wéi mir derduerch trëppelen, dat eenzegt Déier, wat sech e bëssche bewege kann, ass e Pelikan, hien huet e puer Quadratmeter Wues, de Rescht setzt an dreckege Keefeger.



An enger Moschee ass och eng Librairie, de jonke Verkeefer, ganz sympathesch, schwätzt och englesch. E Buch gefält mer besonnesch gutt, den Deckel mat 2 Fräschen eng Uspillung op de Bridder Grimm hire Fräschekinnek, op der Récksäit vum Buch den Titel: "Vu Roserei zur Intimitéit, wéi Verzeien Äert Bestietnis verännere kann."

Majo dann,

Ren



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.