Afghanistan (7)Mam Pedalo zu Band-e Amir, zu Fouss an d’Koh-e-Baba-Bierger

A senger zweetleschter Chronik beschreift de René Hilbert kulturell a landschaftlech Highlighten an och e puer surreal Amenter ...

Wéi de Fliger zu Bamyan lant, sti vill Männer um Fluchhafen, aarteg an enger Rei, e Begréissungscomité.

Dat wier dach net néideg gewiescht, duecht ech mir, awer wéi sech erausstellt, hu si net op eis gewaart, mä op d'Vertriederin vu Bamyan am nationale Parlament zu Kabul, d'Madame Habiba Sarabi. Hire Mann rëselt déi vill Hänn, verschidde Männer ginn ëmäermelt a gekësst, d'Madame gréisst all Kéier mat engem dezente Grinsen. Ech stelle mech un d'Enn vun der Linn, fir ze fotograféieren, Resultat, de Mann gëtt mir och d'Hand, d'Madame gréisst, Merci.

Erënnert Dir Iech? En "Wierk" vun den Taliban ...



Am Dall vu Bamyan op 2.500 Meter stoungen emol déi zwou gréisst Buddha-Statue vun der Welt, 55 a 38 Meter héich. Am Mäerz 2001 hunn d'Taliban déi aus dem 6. Joerhonnert stamend Figuren zerstéiert, andeems si se gesprengt hunn. Haut erënnere nach just zwou beandrockend Nischen un déi buddhistesch Figuren. Lénks a Riets dovu verdeele sech op enger Längt vun 2 Kilometer dausende vun Hielen, an deenen an der Héichzäit vum Buddhismus 3.000 bis 5.000 Mënche gelieft hunn.



Elo wunnen oft Hazara dran, e Vollek, wat am Dall lieft an deels mongolescher Ofstamung ass. Hazara heescht op Persesch 1.000. Déi Bezeechnung soll zeréck goen op dem d'Dschingiskhan seng Arméi, all "Batailloun" war 1000 Persoune staark, 750 Zaldoten an 250 Fraen a Kanner, déi si versuergt hunn. Wéi dem d'Dschingiskhan seng Arméi an Afghanistan verdriwwe ginn ass, sinn déi 250 Fraen a Kanner all Kéier iwwereg bliwwen, doraus huet sech dat haitegt Vollek vun den Hazara forméiert. Si si Schiiten a gëllen als intelligent a fläisseg. Obwuel et déi drëttgréisst unerkannten ethnesch Grupp an Afghanistan ass, gi si säit éiweg verfollegt an diskriminéiert.



Iwwer eng schmuel Trap kann ee bis uewen an d'Buddha-Nische kloteren. Vun do aus gesäit een d'Iwwerreschter vun der islamescher Stad Shahr e Gholghola. 1.220 sinn d'Mongolen am Bamyan-Dall agefall, den deemolegen Herrscher Jalaludin huet seng Festung verdeedegt, awer seng eegen Duechter huet hie verroden, well si net erfreet war, datt hie sech nach emol bestuet hat. Si huet de Géigner eng geheim Entrée gewisen an der Hoffnung, mat engem mongoleschen Herrscher verloobt ze ginn.

Kultur vu fréier, Schrott vun haut

Well et zu Bamyan vill Kultur gëtt, ass direkt de ganzen Dall als Unesco-Weltkulturierwen unerkannt ginn, wéi kéint et och anescht sinn ... a 50 Joer wäert de Krichsschrott och dozou gehéieren.

D'Haaptkaravanneweeër vun der Seidestrooss hu sech zu Bamyan gekräizt, dofir gouf et zu där Zäit hei e gewësse Räichtum, awer och vill Stellungen, fir deen ze verdeedegen. Vun der Festung Shar e Zohak, der rouder Stad, ass déi ëstlech Entrée vu Bamyan iwwerwaacht ginn. Den Iwwerreschter no ze uerteelen, muss si, aus roudem Leem gebaut, immens schéi gewiescht sinn. Wie mat senge Kaméiler hei laanscht komm ass, koum entweder aus dem südlech geleeënen Indien, aus dem Iran am Osten oder dem Hindukusch am Norden. Déi, déi op dëser Plaz Wuecht gehalen hunn, haten op d'mannst eng onwahrscheinlech schéin Aussicht op de gréngen Dall an déi rau Bierger. D'Fielse vun engem klengen Niewendall si ganz faarweg. Als éischt giel a roudelzeg, dann zwou donkelbrong géi Wänn tëschent deene sech en ausgedréchente Floss kréngelt, deen ausgesäit ewéi geschmolte Schockela, dat muss e sinn, den Dall aus deem de Schockela kënnt. Dass d'Liewen hei och rezent net ëmmer séiss war, beweisen Iwwerreschter aus dem russesch-afghanesche Krich, eng Kanoun an e spartaneschen Openthaltsraum fir d'Zaldoten, um Buedem leien nach eidel Patrounen.



Eng Stënnche mam Auto op enger excellenter Strooss an dann iwwer stëbseg a ganz knubbeleg Weeër kënnt ee bei d'Séie vu Band-e-Amir, den éischten Nationalpark am Land, 2009 entstanen, opgrond vu jorelaange Beméiunge vun der Madame Habiba Sarabi, där Fra, déi um Fluchhafe begréisst ginn ass. Beim éischten Ubléck verschléit et engem den Otem, immens, 6 wonnerschéi blo liichtend Séie stiechen an där ockerfaarweger Landschaft eraus.

Rosa Hitt a Schwane-Pedaloen op iwwer 3.000 m

D'Leit si ganz anescht do, méi op, méi ausgelooss. Eng jonk Fra schwätzt mech un a freet, ob ech kéint eng Foto vun hir an hirem Partner maachen? "Kënnt Dir eis se mailen?", ech kréien der Fra hir E-Mail-Adress! Zwou Damme mat grousse rosaen Hit loosse sech gäre portraitéieren, scho bal surreal, si géifen och gutt zu Paräis maachen, vill Leit wëlle Fotoe mat eis.



Den absoluten Héichpunkt, en Tour mat engem Pedalo a Form vun engem Schwan, 100 AFN fir 20 Minutten, ganz lëschteg. Um Séi schwamme vill aner Schwanen an alle Faarwen, d'Leit wénken, mir knipsen eis géigesäiteg, et ass eng ongewinnt geléiste Stëmmung hei. Mir wanderen ëm déi Séien, immens, op 3.026 Meter, glaskloert Waasser.



Vir zeréck muss den Allrad vun der Toyota Hiace ageschalt ginn, soss geet et net méi weider op der bockeleger Pist. Iwwerall schaffe Leit op de Felder, si ploe sech hei, fir e wéineg Ertrag ze kréien. Mat der Handséissel gëtt den niddrege Weess ofgeschnidden an op kleng Kéip geluecht. D'Käre gi mat enger Schossel a Säck gefëllt.

Am Krees iwwert d'Stréi

Eigentlech hate mer geplangt, dräi Deeg duerch d'Koh-e-Baba-Bierger ze wanderen a bei Leit privat ze iwwernuechten, awer well de Fluchhafe vu Bamyan fir e puer Deeg zou war, huet sech déi Wanderung op een Dag reduzéiert. Et ass Karschnatz, op ville Plaze ginn d'Käre mat Ochse gedresch. Ee Bauer hat eng grandios Iddi, hien huet zwee dënn Bamstämm uneneegebonnen, dorunner en eisent Gestell, wat nogezu gezu gëtt, um Enn ass e Motorrad festgemaach. D'Bouwe wiessele sech of, fir am Krees iwwer d'Stréi ze fueren. Déi kleng Kanner kucken dem Spektakel no, immens. Dee kreative Kapp, wou déi Iddi hat, kënnt wuel an déi enker Auswiel vum lokalen Entrepreneur-Präis.



Nodeems sech eis Camionnettche bis op 3100 Meter geplot huet, ass de befuerbare Wee zu Enn, virun enger minimalistescher Epicerie, déi vun zwee Bouwe gefouert gëtt, ass Endstatioun.

Schéin, haart, bëlleg, einfach

Mir wandere weider, esou schéin ewéi Landschaft och ass, wann e net brauch dran ze schaffen, esou haart ass d'Liewe fir déi Leit, wou hiert Brout hei verdéngen, wann och deelweis nëmmen am Summer. Iwwerall gi Gromperen erausgeholl, eng Fra bréngt den d'Aarbechter eng Taass Téi op d'Feld a bitt eis och eng un. Esou e Kontakt ass natierlech flott a muss genotzt ginn, ech froen, ob mir net emol en Haus vu banne kënne gesinn. "Da misst dir eng kleng Spent maachen" seet eise Guide. Dat ass kee Problem, a fir 150 Afghani (2€) dierfe mir bis an d'Haus. Et ass net grad de grousse Luxus, e puer Teppecher um Buedem mat Pillemen, voilà, dat ass et.



Et muss alles mat Iesele bis bei e befuerbare Wee transportéiert ginn, ier et op e Camion geluede ka ginn, d'Hee, d'Gromperen. Déi ginn a grouss wäiss Plastikssäck gepaakt, déi mat Gréngs bedeckt ginn, fir dat d'Sonn se net schonn an dem Sack brot. D'Grass fir d'Véi gëtt mat grousse Schneitmaschinnen, eng Zort Guillotine, wéi mir se hunn, fir de Pabeier op d'Mooss ze schneiden, handlech kleng geschnidden, eng Heedenaarbecht.

Erop an nees erof

Op 4220 Meter läit eist Dageszil, e wonnerschéine Biergséi virun enger imposanter Kuliss, hisëtzen, roueg sinn, genéissen. No enger hallwer Stonn triede mir de Réckwee un, mir mussen an den Dall, ier et däischter gëtt. De Versuch, e Camion, dee Grompere siche kënnt, ze ëmfueren, wier bal schif gaangen, en optimistesche Versuch, Steng ënnert déi viischt Rieder vun eisem Toyota ze leeën, fir en ze stëtzen, gëtt ofgebrach. Déi Gefierer musse vill aushalen, awer wann de Minibus hei eroffält, ass e gefëmmt.



De Fliger, mat deem mir zeréck op Kabul fléien, lant zu Bamyan mat ëmmerhin 12 Leit dran, zwee Drëttel vun de Sëtzer sinn eidel. An awer muss zéng Minutte méi spéit en extra Fliger vum UNHCR mat e puer Leit op Bamyan kommen, all schick gekleet, si hätte jo och mat der privater Kam Air fléie kënnen, dann hätte si wéinstens eppes fir déi lokal Ekonomie gemaach.

Ren

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.