Afghanistan (8 - Ofschloss)An der Hiel vum Ali sengem Schräin zu Kapisa

Villes ass zu Kabul aus Sécherheetsgrënn hannert grousse Mauere verstoppt, awer wann ee weess wou, gëtt et ëmmer erëm Erstaunleches ze gesinn ...

An der Alstad, engem Véierel mat villen Handwierker a lokalen Händler sti mir virun enger onscheinbarer Dier, de Gul schellt, e Mann mécht op a mir ginn an e schéint Haus gefouert. Hanner dëser Dier verstoppt sech den Turquoise Mountain Project, 2006 gegrënnt vum Prënz Charel vu Wales an dem afghanesche President Karzei ënner Uleedung vum Rory Stewart, engem Englänner, deen haut Politiker am Nordweste vun England ass. Hien ass 2002 mam Rucksak zu Fouss vun Herat op Kabul gewandert, 1000 Kilometer an 21 Méint an huet e Buch doriwwer geschriwwen, "Soweit die Knie tragen", et ass liesenswäert.



Aarbechte vum feinsten, Präis allerdéngs och

D'ONG huet ënner anerem de Quartier Murad Khane zu Kabul renovéiert, vill al Haiser fachmännesch restauréiert, fléissend Waasser a Stroum verluecht an eng Schoul fir verschidden Handwierksberuffer geschafen. Schräiner, Schmock, Kalligraphie a Keramik ginn hei vun de gréissten afghanesche Meeschteren ënnerriicht. E Spezialist erkläert eis d'Konscht vun der Kalligraphie. Hir Aarbechte si vum feinsten, de Präis allerdéngs och.

De Vulle-Maart ass och eng speziell Plaz, eng schmuel Gaass, all Zort vu Villercher kritt een do ze kafen, esou guer Bouwe sti scho virun de Käfeger an diskutéieren, wat fir en Déier méi schéin oder méi wäertvoll ass.



Zwee immens Typpen an eng wonnerbar Persoun

An der däitscher Botschaft besiche mir eis Frëndin Hucky, eng wonnerbar Persoun. Do treffe mir och 2 chrëschtlech Bridder, déi zënter iwwer 40 Joer am Afghanistan liewen an hëllefen. Ech hunn et jo net esou mat de Reliounen an den ugeschlossenen Organisatiounen, awer nodeems den Owend eriwwer ass, zéien ech den Hutt virun esou vill Engagement. Zwee immens Typpen, béid mëttlerweil 65 Joer al, déi eng onwahrscheinlech Aarbecht ënner schwierege Konditioune leeschten. De 19. Abrëll 2016 ass bei enger Explosioun nobäi eng ganz Mauer vun hirem Atelier ewechgeblose ginn. Glécklecherweis hat den Auto-Mecanicien deen Dag fräi. Trotz hirem Alter, deen een hinnen net ugesäit, hu si beschloss, weider dräi Joer ze bleiwen. Deen ee leet zwee Spideeler mat Epilepteschen, Tuberkulos- a Lepra-Patienten. Deen anere leet en Atelier mat 30 Leit, gréissten Deels Jonker, déi hei eng Ausbildung kréien, an deem si medezinesch Apparater flécken, fir 17 staatlech Spideeler, fir de Brochdeel vum Präis, dee westlech Firmae géife froen. Am Improviséiere schéngen si Weltmeeschter ze sinn. Si ënnerstëtzen och zwee Schüler, déi op aner Schoule ginn, e Bouf deem seng Schoul 700 € d'Joer kascht, a säi Papp, deen an Owescoursen op d'Uni geet an deem seng Ausbildung 616 € d'Joer kascht, Allenzwee Hazara. Béid sinn an hire Klassen déi beschte Schüler. Wann ee bedenkt, datt et trotz dem Milliardeninvestissement aus aller Welt un den néidege Sue feelt, fir deene Leit eng Schoul ze finanzéieren, dann dierf e sech seriö Froe stellen, a wat fir donkel Kanäl déi Milliarde fléissen.

Hellege Bierg aus Sand an eng aussergewéinlech Grotte

Zum Schluss hu mer nach een Dag Rescht an de Gul schléit vir, en Dall ze besichen, wou et en hellege Bierg gëtt, helleg, well de Sand do ni verschwënnt! An engem Kreesverkéier ass eng speziell Stëmmung, ech maachen eng Foto aus dem Auto vun de lokale Maartstänn an zwou Fraen ënner der Burka, een Typ schéngt net vill Sympathie fir dës Iddi ze hunn a kuckt mech mat strenger Minn. Just du kënnt de Verkéier un d'Stoen, nujee, et gëtt besser Gefiller. Wéi mer erëm rullen, seet de Gul, dee vun der Situatioun näischt matkritt hat, "Gëschter war eng gréisser Militäraktioun hei, 8 Taliban sinn erschoss ginn".

Mir ginn nees e lokale Guide siche fir an den Dall. Wat un deem Bierg mam Sand esou aussergewéinlech soll sinn, hunn ech net verstanen, datt allerdéngs direkt e klenge Bouf mat engem Eemer äisgekillte Gedrénks aus dem Näischt opdaucht, ass schonn éischter als Wonner ze betruechten. Kuerz virum Bierg hat ech riets hannert e puer Beem en interessant Gebai mat Fändele gesinn. "Kënne mir um Réckwee do stall hale w.e.g." "Wat fir e Gebai"? Et ass kengem opgefall. Mir fuere bis dohinner, hale stall a klammen eraus. Op den éischte Bléck huet déi Plaz eppes. Am Schied virum Gebai sëtzen zwee Männer, déi op Nofro ganz frëndlech erklären, "et ass e Schräin zu Éiere vum al-Abbas ibn Ali, dem Hallefbrudder vum Husain, deen an der Schluecht zu Kerbala gefall ass". "Et geet eng Trapp erof, an do ass eng kleng Hiel, komm mat, mir weisen dir se". Si gi vir, ech pilgeren hannendrun, et ass stackdäischter. An där klenger Hiel mat e puer Hieroglyphen an der Mauer ass e butzegen Ausgang, ganz niddereg, doduerch soll den Ali mat senge Männer verschwonne sinn! De Mann weist mam Fanger op dat klengt Lach, "mir waarden drop, datt hien duerch dee Bou erëm zeréckkënnt". "Hmm...majo dann... vill Gedold". No a no kommen ëmmer méi Leit erof bis mir schliisslech zu 8 sinn, ech maache Fotoen, d'Männer si begeeschtert a liichte mat hiren Handyen.



Just nodeems mir lassgefuer sinn, kommen eis e puer amerikanesch Arméigefierer mat héijer Vitesse entgéint, vläicht huet iergendwou en Telefon geschellt, "hei trëppelen e puer gelunge Gestalte mat grousse Fotoapparater".

Zu Puli Saiad, nëmmen e puer Kilometer vum Schräin, si lokal Restauranten um Bord vum Floss Saiad, wou een duerch Stoffdicher getrennt sëtzen an iesse kann, während d'Kanner am Waasser spillen.



Geheimdéngscht intresséiert sech fir Fotografie

Nodeems mir eis vun do op de Wee maachen ass virun der Bréck eng Policekontroll, e Polizist mat Mondschutz kuckt an den Auto, erbléckt eis a gëtt dem Chauffer Uerder, op d'Säit ze fueren. Eng länger Diskussioun mam Gul fänkt un, tëschenduerch kommen zwee aner Poliziste bei den Auto a soe ganz lues, „mir hu kee Problem mat iech, awer hien ass vun der Geheimpolice, hi kacht seng Zëppchen, mir kënne leider näischt maachen". Si hale verstoppt den Daum no uewen a si ganz frëndlech. De Geheimdéngschtexpert ass net esou fein, hie wëll d'Fotoe gesinn a wëssen, wat ech domadder maachen. Zum Gléck hat ech beim Iessen e puer Biller vun der Géigend an eisem Auto gemaach, ech weisen him der just e puer an halen op, ier déi mat de Fraen ënnert der Burka kommen, déi géifen him eventuell net gefalen. Awer du kënnt et, hien ass mësstrauesch a wëll selwer weiderbliederen, hëlt den Apparat a bliedert glécklecherweis zeréck a Plaz virun. Esou gesäit en erëm déi selwecht Biller a mengt, et wiere soss keng drop. Hie knoutert, gëtt mir den Apparat erëm, dann eis Päss, schlussendlech dierfe mir fueren.

Sécherheetshalber verstoppen ech emol d'Späicherkaart mat de Fotoen ënner dem Autossëtz a maachen eng eidel an de Fotoapparat. Et wier ze Schued, wann ech déi Biller bei enger Kontroll misst läschen.

Während mir de gigantomaneschen US-Camp zu Bagram ëmfueren, starten a landen 2 Dronen, nawell grouss déi Apparater. En Auto iwwerhëlt eis, tut. Dës Kéier ass et keng Geheimpolice, et si d'Männer aus der Hiel vum Ali, si laachen a wénken.

Dat war et ...

... fir dës Rees duerch dat onbekannt Afghanistan, vun deem mir Doheem ëmmer nëmmen traureg Noriichte gewuer ginn. Mir hunn e schéint Land mat frëndleche Leit gesinn, e Land andeems säit Joerzéngte friem Muechten hir eegen Interesse verdeedegen. Et war erfreelech ze gesinn, dat et trotz der schwiereger Situatioun op d'mannst deelweis e normaalt Liewen do gëtt.

Awer vun all de Milliarden, déi de Westen do investéiert soll hunn, hu mer näischt gesinn.

Ren

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.