Kaliam (6)Projet Weltrees: Îles Flottantes um Titicaca-Séi

Donieft huet d'Jessica misse feststellen, datt Coiffeur net gläich Coiffeur ass... D'Hoer fierwen als Aventure.

Nodeems mer elo bal ee Mount hei am Peru sinn, gëtt et elo Zäit, fir un dat nächst Land ze denken, mä elo mol nach zu eisem leschte Stopp, ier mer eriwwer a Bolivien fueren.

Wat ech super un eiser Rees fannen, dat sinn all déi Leit, déi eis kontaktéieren an eis Froen stellen, Rotschléi ginn oder eis op en Iessen alueden (zu Cuzco), villmools Merci fir de flotten Owend!

Mir begéinen ënnerwee immens vill Leit, de Kontakt ass wierklech einfach hei a Latäinamerika a mam Kali nach méi einfach! Mir léiere ganz interessant Leit kennen, vill déi eleng reesen oder zum Beispill dräi Männer, déi mam Moto ënnerwee sinn, dat schonn zanter 8 Méint. Aner Leit, déi um Enn vun hirer Weltrees sinn oder Koppelen, déi 2 bis 3 Méint hei a Latäinamerika ënnerwee sinn. Familljen, déi wéi mir reesen, hu mer leider nach keng begéint, mä mir sinn a Kontakt mat enger Famill, déi mer iwwer Internet kennegeléiert hunn, mä déi sinn 3 Wochen no eis lass gaangen, wie weess, vläicht begéine mer se jo awer nach. Firwat ech iech dat alles zielen, ass fir iech éischtens ze soen: Hey! Och wann s du eleng bass, trau dech a buch en Ticket fir a Latäinamerika, et ass wierklech easy, fir hei ze reesen och mat klengem Budget! Keng Excusen méi! Allez! allez!

VIDEO: D'Îles Flottantes um Titicaca-Séi


An deen zweeten Gronn ass, well duerch all déi Bekanntschaften tauscht een natierlech och Adressen a Rotschléi aus, an een dovunner war eben, dass mer am Ufank wollten an de peruaneschen Dschungel fueren, mä d'Präisser waren e bëssi iwwerdriwwen, fir eise Budget! 300 Dollar op den Kapp fir 3 Deeg war eis 4 definitiv ze vill, mee du si mer gewuer ginn, dass et an Bolivien vill méi bëlleg ass an och nach vill méi schéin. Da kann een jo net méi nee soen, mee méi dozou an e puer Wochen...

Sou, elo zréck! Also no Cuzco fuere mer da mam Bus op Puno, dat ass d'Stad beim Titicac-Séi, deen alt erëm ganz héich läit, an zwar iwwert 3.000 Meter! Hei huelen mer de Bus Moies, well den Trajet net esou weit ass  a kommen géint 14 Auer un. Puno huet e ganz klengen, awer sympatheschen Zentrum, ganz cool Cafée mat cooler Rock Musek, also hei kann en scho gutt Party maachen, mä deen Typ Vakanz maache mer (leider) net méi mat Kanner.

Wat mer méi un déi bolivianesch Grenz kommen, wat mer och ëmmer méi Fajitas gesinn, miam miam...

Ech verzielen iech awer nach eng kleng Anekdote, ier mer zu den "iles flottantes" kommen. No engem Mount reesen huet ee meng gro Hoer ëmmer méi gesinn, et ass Zäit ginn, fir en Coiffeur! Ganz alleng maachen ech mech dann op de Wee, fir en Coiffeur ze fannen... Wéi ech dunn duerch Zoufall een fonnt hunn, war d'Fra grad amgaangen zouzespären. Si huet bestëmmt meng Enttäuschung am Gesiicht gesinn an gefrot, wat ech dann wéilt, just fierwen! Okay okay, si huet opgespaart a gefrot, wéi eng Faarf ech da wéilt, "negro azur", bis dohin alles normal gell, mä dunn ass et lassgaangen. Ech misst hier Suen ginn, fir dass si d'Faarf ka kafen goen. Okay, si installéiert mech a léisst mech alleng am Salon. No 10 Minutte kënnt si mat der Faarf erëm. Hei gëtt Toilettepabeier fir alles benotzt, sief et als Toilettepabeier, als Zerwéiten um Dësch an eben och beim Coiffeur als Schutz am Genéck mat enger Poubellstut... Dunn huet se mer d'Faarf dropgemaach a mer gesot, datt et  40 Minutten dauert an ass erëm fortgaangen. Weider huet se mer nach gesot, falls e Client géif kommen, dee soll einfach waarden! SUPER! Dat wier hei ondenkbar! No 35 Minutten ass se dann erëmkomm an tadaaa hei ass kee fléissend Waasser an deem Salon!! Mat engem Krou Waasser huet se mer dann d'Hoer ausgespullt an enger Aart Biitchen, dat war eng Aventure!!! Sou Sorry fir déi kleng Klammer, mee hei geschéien heiansdo esou abstrakt Saachen, dass ech iech muss dovunner erzielen!

Nodeems mer an eiser Jugendherberg mat Frühstück ukomm waren, hu mer gesinn, dass si och Reesen op den Titicaca maachen, mir negociéieren direkt, dass d'Kali gratis ass an de Liam 50% kritt, no 4 Wochen wëssen mer, wéi et leeft, mä si anscheinend net, well si mussen ëmmer dem Patron uruffen an da kréie mer awer, wéi mer et wëllen. Et ginn do lauter verschidden Méiglechkeeten, mat normalem Boot, mam Speedboat, just "iles flottantes "vun Uros oder och nach Taquile oder eng Nuecht op Taquile an nach aner Insele besichen. Mir decidéieren eis fir een Dagesausfluch op den Titicaca-Séi an d'Insel Taquile mam Speedboat, dat sinn just 1.5 Stonnen amplaz vun 3, just fir op Taquile!

Moies geet et da lass an, oh schreck, d'Speedboat ass mega grouss, ech hat mer do e klengt Boot virgestallt, mä nee hei ass voll Massentourismus! Bon, dann ass dat eben esou, no 30 Minutte si mer dann ukomm a gesi lauter Inselen, et si der méi wéi 60, an bei der Entrée gëtt den Capitaine dann ëmmer gewuer, op wéi eng hie fueren dierf, well et soll gerecht opgedeelt ginn, tëscht all den Inselbewunner! Kee Favoritismus!

Mir gi dann op esou eng Insel, kréie gesongen, gi empfaangen a kréien dunn erklärt, wéi déi Insele gemaach ginn a wéi d'Liewen op esou enger Insel verleeft, méi dozou op eisem Blog www.kaliam-voyages.com.

E klengen Tour mam Boot hu mer och gemaach an e klenge Souvenir hu mer och kaaft, eng kleng Okarina fir d'Kanner.

Et ass super, fir all déi Inselen ze gesinn, mä et ass schrecklech, well et wierklech hei ëm Tourismus geet, mä de Guide huet eis awer gesot, dass et nach Inselen gëtt, wou ee keng Touristen kann hibréngen, well déi Leit nach gleewen,dass eng Photo hier Séil klaut!

https://www.kaliam-voyages.com/lac-titicaca-et-ses-iles-flottantes-uros/

No enger Stonn geet et da weider, op eng zweet Insel, mee just fir e Stempel an de Pass ze kréien a Waasser ze kafen, hei kann een dat jo néierens drénken... Wat hu mir do eng Chance zu Maarteleng, fir dat gutt Krunnewaasser!

Weider geet et dann op dee groussen Deel vum Séi, op d'Insel Taquile, wou mer no enger Stonn erop trëppelen dann z'iessen kréien. Hei gëtt d'Iessen vu 5 Famillje preparéiert an all Woch sinn et 5 aner Familljen, déi hei kachen, fir dass jiddereen eppes dovunner huet! D'Sue vum iessen ass och alles fir si. Fannen deen System super! All Respekt! Méi zu der Insel Taquile an hiren Traditiounen op eisem Blog:

https://www.kaliam-voyages.com/lile-taquile-sur-le-lac-titicaca/



Et war en flotten Ausfluch, mir waren frou, all déi Informatiounen vun eisem Guide ze kréien, déi mer am Detail op eisem Blog uspriechen, mä et ass awer krass, wéi hei den Tourismus d'Iwwerhand hellt!

No e puer Deeg ads et bei eis dann Zäit, gi fir Land ze changéieren, Direktioun Bolivien! Den Grenziwwergang war e bëssi komesch, et ass ee sech virkomm, wéi en Immigrant, deen op säi Stempel waart, fir an en Land eraus an dann a Bolivien eranzekommen! Mä dat war alles guer keen Problem! Mat engem Laache geet alles fill méi einfach!


Bei Copacabana hu mer dann en Halt gemaach, fir ze iessen an do si mer op en Café-Snack gestouss, dee Reesbicher tauscht! Mat dat ass jo mol eng flott Saach! Direkt wiessele mer eist Buch iwwer de Peru géint en Bolivienbuch!

Hu jo nach 3 Stonne, bis op La Paz, fir ze liesen... Méi zu Bolivien déi nächste Kéier hei op rtl.lu oder op eisem Blog oder eiser Facebooksait: kaliam-voyages.

Mir maachen och all Dag (oder bal) en klenge Video, wou mer iech dann eng Minutte eppes weisen oder erzielen! Instagramm si mer och aktiv, fir iech schéi Photoen ze weisen!

Dir kennt eis gären iwwer Facebook kontaktéieren, mir freeën eis op Feedback!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.