Kaliam(7)Projet Weltrees: Mir entdecke Bolivien

Nodeems et elo owes ëmmer kal war, ass et Zäit gi fir e bëssi Vakanzefeeling!

Nodeems mer zu La Paz ukomm sinn an eist Logement net fonnt hunn, hat et jo scho gutt ugaangen a Bolivien. Mir sinn dunn owes am schlëmmste Quartier "El Alto" owes ronderëm gelaf fir eist Appartement ze fannen. No enger Stonn hu mir dunn en Hotelszëmmer geholl. Dat war definitiv deen bëllegste Hotel mat 5 Euro fir eng Kummer, mee definitiv och een Deguelassen!

Den Dag drop hu mir einfach emol decidéiert op de Fluchhafe kucken ze goe wou deen eis dann esou géing hibréngen. Mir haten direkt en Fliger gebucht, mee deen hu mir leider verpasst well d'Kali säin Doudou vergiess hat. Fliger verpasse kann ech op menger Checklist ukräizen! War awer net weider schlëmm, well mir kruten en ouni Supplement ëmgetosch a sinn du 4 Deeg duerno op Rurrenabaque geflunn.

Also mat engem mini Fliger si mir iwwert den Titicaca-Séi an iwwer Bierger mat Schnéi geflunn. Wonnerschéin! An du si mir eis virkomm wéi an engem King-Kong-Film, super Panorama, Bësch, Dschungel an Hëtzt! Endlech! Ee Gléck ass net grad Reenzäit an d'Moustiquen hale sech a Grenzen! Ouf!

Also esou ee klenge Fluchhafen hunn ech nach ni gesinn. Fir d'Koffer ze huelen dat war just eng Dier mat engem ofgetrennten Deel! A lass fir 4 Deeg Schwämm (jo mir brauchen dat och heiansdo!) Eis éischt Schwämm zanter 5 Wochen.

Rurrenabaque ass ganz flott, war just e bëssi schockéiert iwwert all déi Kanner, déi zesummen heeschen komme bei d'Restauranten. Wie si sinn an firwat si do sinn hunn ech net erausfonnt; wann een do eppes méi weess, dat géif mech interesséieren.

Sou an elo lass Direktioun Pampa, 3 Deeg ouni Wifi.

Ënnerwee bei eisen Lodge:

Also den éischten Dag ware mol 2 Stonnen Jeep an duerno 3 Stonne Boot ugesot fir bei eisem Lodge unzekommen. Mir hunn tonnen Alligatore gesinn, e puer Caiman (do hu mir da missten eis Féiss schéin am Boot halen!). Hei ginn et keng Krokodillen, déi liewen am Salzwaasser, si mir gewuer ginn. Mir gesinn e puer Afen, mee net vill. Ganz vill wonnerschéi Villercher, ewéi Paradäisvillercher, an nach anerer. Hei sinn och esou komesch Déieren, "Capiva" déi ausgesinn ewéi grouss Raten, mee déi awer just Planzen iessen! Super! Ah jo mir hunn ee Guide just fir eis eleng an och ee Boot just fir eis 4! Super!

Op der Sich no enger Anaconda:

Mëttes si mir dunn e puer Stonnen duerch d'Pampa getrëppelt op der Sich no Schlaangen. Ech hat mer do schonn eng ganz Horrorvirstellung gemaacht a geduecht mir géifen do op honnerten vu Schlaangen treffen, mee nee! De Guide an de Mathieu hu just ganz kuerz eng gesinn! Mir si mat eise Gummisstiwwelen duerch de Sumpf gelaatscht.


Nuetsbootsfahrt:

Owes ass et dunn erëm erausgaange fir ee Sonnenënnergang ze gesinn. Weider ware mir och op der Sich no Alligatoren an der Nuecht. Et war ee magesche Moment, ewéi mir all d'Täscheluuchten aushaten, de Motor vum Boot roueg war a mir just den Himmel voller Stäre gesinn hunn an all déi Geräischer vum Dschungel. Super! Mee dat huet genau 5 Minutte gedauert an du si komesch Saachen op eis geflunn an dunn hat ech es genuch a wollt zréck. Moustiquen, Fliedermais, Scarabet, Fësch, déi an d'Boot sprangen... an dat alles ouni Luucht... hmmm nee do ass meng Toleranz um Enn! lol


Et ass awer witzeg ze gesinn ewéi d'Aen vun den Alligatoren orange blénken wann ee mat der Täscheluucht dropliicht!

Piranha fëschen:

Also wann een mir gesot hätt, et kéint ee Piranha fëschen an iessen, deem hätt ech gesot du hues se jo net méi all!




Mais dach dat geet an ass nawell witzeg a schmaacht ewéi normale Fësch?! A rot emol wien ee gefëscht huet... d'Kali an de Mathieu!!

Mat rosa Delfine schwammen:

Wat cool war mat eisem Guide Fernandino vun FlechaTours, war dass hien ëmmer probéiert huet ze goe wou manner Touriste waren. Dat hu mir wierklech appreciéiert! Mir waren alt erëm op eisem Boot ënnerwee, d'Waasser ass zimlech niddereg well et Dréchenzäit ass an du koume mer virun ee ganze Bam, deen et eis verhënnert huet duerchzefueren.

De Mathieu suggeréiert op mir net lénks do kenne probéieren. Okay... d'Setzer ginn ageklappt, d'Kanner setzen sech op de Bueden vum Boot, de Mathieu kritt ee Paddel an d'Hand gedréckt fir sech vun der mauer ofzedrécken an ech hëllefen dem Guide d'Äscht duerchzeschneiden an ofzebrieche fir kënnen duerchzefueren. An youppi mir sinn duerch!!! Wow, hei hu mer den Ënnerscheed gemierkt! Vill méi Deieren!!! Super... an dunn op enger méi breeder Plaz, lauter rosa Delfinen. Wow! Super! Magesch! Den Guide seet, dir kennt schwammen goen, natierlech hate mer kee Maillot dobäi, mee egal "rock 'n roll" an hopp mam Slip an d'Waasser! D'Kanner ware begeeschtert! Ee Gléck hu mer d'Alligatoren eréischt méi spéit gesinn, soss wär ech nimools dra gaangen! D'Waasser war ganz okay, net ze kal! War net esou einfach dat Ganzt ze filmen.

Schreift eis roueg op Facebook, mir freeën eis op är Messagen an äntweren just um Facebook! An häss du dech och getraut an dat brongt Waasser ze sprangen? Hihi

RTL ass e bëssi hannendran mat den Reportagen an ech och mam schreiwen, mir sinn elo an Argentinien (no Peru, Bolivien, Chile...), um Facebook do freeë mer eis iwwer all Like! Scho 750!

E bëssi schaffen musse mer jo och ënnerwee, dofir hei eng kleng Reklamm vu mengem Cubeshop.lu. Fir äre Cadeau de fin d'année, d'Mireille an den Raymond maachen dat super!

Hei ass ee super Reportage vum Mathieu, dauert 20 Minutten an ass super! Abonnéiert eise Youtube Channel, et sinn nach vill Länner, déi mir Iech wäerte weisen! :-)



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.