Praktesch TuyauenLoosst iech beim Chrëschtdag-Shopping net iwwert d'Ouer haen

Et ass d'Zäit vun de Chrëschtdagsakeef an och d'Zäit wou vill Leit eng Vakanz fir iwwer d'Feierdeeg buchen.

Den europäeschen Zenter fir Konsumenteschutz gëtt dofir praktesch Tuyauen op wat ee soll oppassen, wann een iwwer Internet akeeft oder bucht.

Beim Buche vun enger Vakanz soll een zum Beispill gutt uecht ginn, ob den Endpräis net vill méi héich ass, wéi dat wat fir d'eicht annoncéiert gouf. Beim Centre européen des consommateurs kritt een och Informatioune wat ee kann ënnerhuelen, wann ee Vol annuléiert ass oder Verspéidung huet, och beim Internetshopping beréit den Zenter d'Leit.

D'Direktesch vum europäeschen Zenter fir Konsumenteschutz, Karin Basenach, gëtt beim Akafen am Internet den Tipp, opzepassen, dass ëmmer eng Adress uginn ass, fir datt een och weess wou ee sech bei Problemer ka mellen. 

Extrait Karin Basenach (30.11.2017)
....