Schetzel-WanderweeBis bei d'Quell vun der Wäisser Iernz

Loscht op e relaxen Trëppeltour duerch de Gréngewald? - E puer Fotoandréck.

Déi uerg Wiedere si jo elo mol - virleefeg - laanscht. Et dierf ee sech dann och nees op d'Gewan oder a Bëscher erantrauen. Zum Gléck!

Dofir proposéieren ech Iech hei, an der neister "Sonndeszeitung", e klengen Tierchen duerch de Gréngewald. Vläit geet et Iech jo genee esou wéi mir, datt Iech schonn honnert, wann net dausend Mol op der Iechternacher Streck e wäisst Schëld mat grénger Schrëft opgefall ass. Dorop steet: SCHETZEL - a soss näischt.

A wéi e Kolleg mer virun enger Zäitchen (e puer Joer?) gesot huet, hie wier de Schetzel gaangen, du war d'Decisioun gefall, datt ech dee Wee och eemol goe wéilt - e bescheidene Wanderwee ... an trotzdem huet et laang gedauert, bis de Projet ëmgesat gouf ... Heiansdo deet ee sech jo mat deene Saachen, déi am nooste leien, am schwéiersten ...



Dobäi ass de Schetzel wierklech keng Affaire: Den Auto op der Plaz virun der schaarfer Kéier, wann ee vu Gonnereng op de Waldhaff fiert, geparkt - a lass!

Jee nodeem, wéi ee geet, sinn et eng 6 Kilometer. (D'Fotoen hei goufe virun e puer Woche gemaach, dofir sinn d'Beem nach eng Grëtz manner gréng, wéi si et elo haut - no deem ville Reen - sinn.)

Den éischten Deel ass markéiert vu méi intensive Bëschaarbechten, dono kënnt een da bei dat Stéck, dat dem Wee den Numm ginn huet: Bei eng kleng Hiel, wou de Schetzel am 12. Joerhonnert déi lescht Jore vu sengem Liewe verbruecht huet, als Einsiidler.

Op Wikipedia gëtt ee gewuer: De Schetzel war e Klausener, deen am 12. Joerhonnert déi lescht 14 Joer laang bis zu sengem Doud an enger Klaus am Gréngewald bei Lëtzebuerg gelieft huet. De Schetzel ass 1138 oder 1139 gestuerwen. Aner Nimm, ënner deenen hie bekannt war: Ghislenus, Gosselinus, Gezzelinus; op Franséisch: Scocelin, Ghislain, Goslin, Jocelin. Nom Schetzel sinn de Schetzelbur an d'Schetzelbaach genannt, déi eng ronn 200 Meter vun der Schetzelhiel ewech leien.



Och haut gesäit een op den éischte Bléck, datt d'Schetzel-Plaz eng reliéis Bedeitung huet: An der Grott eng kleng Kapell, dernieft eng Tak mat engem Portrait an do dernieft a Stee gemeesselt e kuerzen Text (op Däitsch). Virun deem Ensembel e klengen Altor an e puer hëlze Bänken, op deenen déi Gleeweg (an natierlech och d'Wanderer) Plaz huele kënnen.



Dacks héiert een, datt vum hellege Schetzel rieds geet, dobäi gouf en offiziell weder helleg, nach séileg gesprach - amplaz vun der kathoulescher Kierch huet d'Bevëlkerung dat gemaach ...

No sengem Doud louchen dem Schetzel seng Iwwerreschter an der Abtei Almënster, haut gëlle se als verschwonn.

Wann een da weidergeet, da kënnt ee bei de Schetzelbuer, deen, wann d'Quellen am Internet stëmmen, d'Quell vun der Wäisser Iernz ass.

De Wee féiert weider an de Gréngewald eran, et geet Richtung Stafelter, ma et kann een dann decidéieren, ob ee weider bis op de Stafelter goe wëll oder éischter Direktioun Waldhaff an dann do, natierlech nach ëmmer am Bësch, laanscht d'Iechternacher Strooss hannescht op de Point de Depart.

Dono huet een dann eng 5 bis 6 Kilometer laang Boucle hannert sech - e klengen Ausfluch an d'Natur mat kulturhistoreschem (oder wann ee wëll: reliéisem) Touch.



Iwwregens: Well de Schetzel de 6. August Namensdag huet an den 11. August gestuerwe soll sinn, hat de Vincent Krier als Paschtouer vun Hueschtert an den 1960er-Joren den 2. Sonndeg am August fir d'alljährlech Schetzelfeier am Gréngewald gewielt.

An der Kathedral an der Stad gëtt an enger Chouerfënster a mat enger Statu un de Schetzel erënnert an zu Weimeschkierch ass eng Strooss no him benannt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.