HolofitFitness manner langweileg mat Virtual Reality

Tëlee kucken oder Musek lauschteren, et gi vill Méiglechkeeten, sech während dem Sport ze beschäftegen. Hei ass eng méi original.

© afp
Sport ass am Gaangen eng méi grouss Plaz an eiser Gesellschaft ze huelen, fir verschidde Leit esouguer e Besoin. Sport ass mëttlerweil e wichtegen Deel aus eisem Liewe ginn, dofir ginn et ëmmer méi Plazen, wou een trainéiere kann. Nei Konzepter musse geschafe ginn, fir ëmmer méi motivéiert Clienten unzezéien.

Zu Stroossbuerg gëtt et eng Start-Up, déi Wëlles huet d'Konzentratioun vun de Sportler op hir Maschinnen e bësse méi locker ze maachen. Mat Hëllef vun der VR, déi mat de Fitness-Apparater connectéiert ass, kënne se beim Rudderen oder beim Pedalléieren op d'Rees goen. Verschidden Zeenarie gi proposéiert, fir eng Aventure während dem Training ze erliewen. Et ginn am Moment 8 verschidde Reesen ugebueden. Et kann een duerch een Canyon goen, di antik Stad vu Babylon entdecken oder souguer am Weltall fléien, de Choix ass zimlech grouss.

© Holodia


Et huet ee schonn Ecrane kannt déi virun der Maschinn installéiert ginn, mä do gouf et keng Reaktioun mat de Beweegunge vum Sportler. Hei gëtt d'Persoun wierklech an eng interaktiv Welt versat, déi komplett op seng Aktioune reagéiert. HTC gouf als Partner gewielt, fir een Deel vun der Hardware ze liwweren, dofir gëtt méiglecherweis de Brëllmodell "Vive" gewielt, fir op dës Installatioun agebaut ze ginn. Den Experten no ass en de beschte Brëll a senger Kategorie.

© afp


Am Moment ass dëse Konzept nëmme beim Rudderen disponibel, mä d'Erfinder denke schonn un aner Projeten, wéi de Vëlo. Bis elo schéngen d'Clienten zefridden ze sinn, e puer Problemer goufe scho matgedeelt, wéi d'Belüftung am Helm wéinst der Hëtzt, déi während dem Sport produzéiert gëtt.

Nieft der Rees proposéiert dëse System och gemeinsam Aktivitéite mat anere Sportler, egal wou se op der Welt sinn. Course, Challenge oder gemeinsame Training, alles ass méiglech. Am Moment sinn etlech Säll awer och Hotellen a Frankräich, an der Belsch, an Däitschland, Spuenien, Portugal oder Groussbritannien mat der Rudder-Optioun equipéiert. Méi wéi 10.000 Euro si fir dëse Package néideg, dofir bleift et e Produit deen éischter een kommerziellen a spezialiséierte Public cibléiert.

D'Responsabel vum Projet hunn och präziséiert, dass dëse System net krank mécht an dat alles gemeet gouf, fir Sécherheet an Hygiène ze respektéieren, esou dass d'Rees duerch de Canyon ouni Problem verleeft, wann ee beim Rudderen am Gaangen ass, ze schweessen.