Cebit zu HannoverOuverture e Méinde vun der gréisster Computerfoire

Ronn 3.000 international Entreprisë presentéieren déi ganz Woch iwwer hir neiste Produiten.

© AFP (Archivbild)
Am Mëttelpunkt steet dës Kéier d'Digitaliséierung vun der Ekonomie. Partnerland ass dëst Joer Japan, dat eng sëllechen nei Technologië wëll presentéieren. Am Laf vun der Woch sinn eng ganz Rei vu Virträg vu Vertrieder aus Politik, Wirtschaft an der digitaler Gesellschaft geplangt. Ee Riedner ass ënnert anerem de fréieren US-Geheimdéngschtmataarbechter Edward Snowden, dee live aus sengem russeschen Exil zougeschalt gëtt.



Am Virfeld vun der offizieller Ouverture vun der Cebit e Méinden, hu sech d'Bundeskanzlerin Angela Merkel an de japanesche Premier Shinzo Abe e Sonnde fir de Fräihandel an der Welt ausgeschwat. Zil wiere fräi an oppe Mäert, sou d'Angela Merkel. Si huet drop higewisen, dass Japan an d'EU den Ament am Gaange sinn e Fräihandelsaccord auszehandelen. An Zäiten, an deene vill iwwert de Fräihandel gestridde gëtt, wier et e gutt Zeechen, dass Japan an Däitschland net streiden. De Shinzo Abe sot donieft, dass Japan un der Säit vun Däitschland weiderhi fir en oppene System wëll antrieden an huet an dem Kontext fir e séieren Ofschloss vum Fräihandelsaccord mat der EU opgeruff.

CeBIT zu Hannover (20.03.2017)
Japan ass d'Partnerland dest Joer. Iwwer 450 Start-ups si vertrueden a wëllen als "Laboratoire vun der Zukunft" verstane ginn.