Sozial NetzwierkerDéi nei "Sprooch vum Daum" verstoen

Fuerscher hunn eng Internet Säit lancéiert fir d'Sprooch, déi online benotzt gëtt, besser verstoen ze kënnen.

© afp
Eng nei Etude, déi den 10. Abrëll an d'Liewe geruff gouf, konzentréiert sech op Gespréicher déi online gefouert ginn. Dës nei Aart a Weis fir ze kommunizéieren gëtt mat Hëllef vun enger Internetsäit ënner d'Lupp geholl.

Et ass eng Aktioun, déi de Numm "är Daumen fir d'Wëssenschaft" krut, an déi lauter Gespréicher op Facebook, Whatsapp, Viber, Telegram oder och nach Skype wäert sammelen. D'Université catholique de Louvain (UCL) an der Belsch këmmert sech ëm dëse Projet, fir d'Gewunnechten an der Sprooch op dëse Plattformen ze analyséieren.

Louise-Amélie Cougnon, chargée de recherche bäi der UCL erkläert, dass dës Operatioun d'Sprooch, déi duerch sozial Netzwierker fléisst, soll studéieren, fir ze gesinn, ob mir als Gesellschaft nei Kompetenzen entwéckelen.

Dat Meescht, wat online geschriwwe gëtt, léisst dacks negativ Kritiken aus an deit op Inkompetenz, andeems gesot gëtt, dass Jonker ëmmer méi schlecht schreiwen. Et ass net ganz richteg, well déi Jonk a manner jonk Leit éischter eng Plurikompetenz entwéckelt hunn, wa se verstinn, dass eng "richteg" Sprooch néideg ass a wann eng méi flexibel Sprooch ubruecht ass, wou een och Buschtawen mat Zuelen oder Smileys ersetze kann. Elo muss een dës nei Sprooch verstoen, esou d'Spezialistin an der Internetsprooch.

E puer franséischsproocheg Länner, wéi d'Belsch oder d'Schwäiz, huelen bäi dëser Enquête deel mat Hëllef vu Fuerscher, déi aus verschidde Beräicher kommen, wéi Soziologie, Soziolinguistik, Psychologie oder Sproochen. E Projet, dee vum belschen FNRS ënnerstëtzt gëtt an Zesummenaarbecht mat Moodwalk, enger Personal Development Firma a verschidden Universitéiten a Frankräich, an der Schwäiz oder a Kanada.

Tëscht 5.000 an 10.000 Participante kéinte bis den 7. Mee matmaachen, hir Chats an online Gespréicher ginn da vu Fuerscher analyséiert. Dës Donnéeë gi fir d'éischt "anonymiséiert", ier se vun de Spezialiste verwäert ginn. Eng Software wäert all privat Elementer ersetzen, fir hir Privatsphär ze respektéieren. Tëscht 2007 an 2012 hate Fuerscher vu Louvain an der Belsch 200.000 SMSe vu 3.000 Participanten an der Belsch, a Frankräich, an der Schwäiz an am Québec gesammelt, fir d'SMS Sprooch analyséieren ze kënnen.

Als Géigeleeschtung kréien d'Leit, déi matschaffen, d'Chance, fir ganz vill Kaddoen ze gewannen. Eng intressant Aart a Weis d'Wëssenschaft virunzedreiwen a gläichzäiteg Spaass ze hunn. 2 Joer misst et daueren, ier déi éischt konkret Resultater geliwwert ginn.

Intresséiert Persoune kënne sech iwwert dës Internet Säit aschreiwen: http://www.vospouces.org/.
© afp