LiiblingssmileyDee meescht benotzten Emoji an Amerika ass ...
Et ass déi giel a ronn Form, déi an den USA am meeschte verschéckt gëtt, dee Smiley also, dee sech krank laacht. Sou "The Verge" an enger Analys vun Apple.
Vun RTL
D'Leit, déi iOS benotzen oder op engem Mac schaffen, benotzen enger ganz rezenter Analys no den "Face with tears of Joy" am meeschten, wa se mat anere Leit kommunizéieren.
Apple huet eng Grafik publizéiert mat de Smileyen, déi am populäerste bäi hire Clientë sinn:
Op der éischter Plaz fënnt een also ganz wäit vir deen, dee kräischt, well en esou vill muss laachen. Duerno kommen d'Häerz, deen, deen "normal" kräischt, an deen, deen Häerzer amplaz vun den Aen huet.
Zanter 2015 ass dësen Emoji extrem beléift op der ganzer Welt. Virun 2 Joer war e schonn an den Top 10 an deemools gouf en och zum "Wuert vum Joer 2015" vum ganz seriöen Oxford English Dictionnary gewielt.
Apple ass awer net déi eenzeg Quell, déi de Succès vun deem Smiley beweist, d'Säit Emoji Tracker, déi d'Utilisatioun vu Smileyen op Twitter analyséiert, huet hien zum als grousse Gewënner gekréint!
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.