Besser Online-PubGoogle Chrome blockt vum 15. Februar un intrusiv Reklammen

All Mënsch haasst se, an dofir gëtt et eng Recommandatioun vun der "Coalition for better ads", déi de Browser d'nächst Joer wäert respektéieren.

© afp
Wat versprach gouf, gëtt och gehalen: leschte Juni hate Google-Responsabeler annoncéiert, dass se eng automatesch Funktioun an hire Web-Browser géifen integréieren, fir intrusiv an onangenehm Reklammen ze blockéieren. Déi amerikanesch Firma huet des Informatioun elo confirméiert an huet esouguer een Datum virgeschloen: vum 15. Februar 2018 u kënne just déi Publicitéite gewise ginn, déi erwënscht sinn an och tatsächlech vun enger Säit op eng respektvoll Manéier programméiert goufen.

De populäerste Browser vun der Welt verbannt also nerveg Pop-Up-Fënsteren, Video-Reklammen déi automatesch ofgespillt ginn oder Panneauen déi d'Aen agresséieren. Esouguer déi grouss Agencë vun der Online-Reklamm musse sech upassen, DoubleClick huet schonn ugekënnegt, dass se dës Decisioun als produktiv ugesinn.

Google ass also mat der Strategie vun der "Coalition for Better Ads" averstanen, wou Annonceuren, Medien, High-Tech-Firmen an aner Associatiounen, déi sech fir de Schutz vum Internet-User asetzen, matmaachen. D'Zil ass hei eng online-Reklamm ze proposéieren, déi benotzerfrëndlech ass, fir ze evitéieren, dass d'Consommateure komplett d'Flemm kréien a se zum Schluss ganz blockéieren, wat mat verschidde Programmer scho bei verschidde Leit de Fall ass. Google an och aner grouss Firmen, déi vun der Publicitéit liewen, kënne sech dat net erlaben.
© coalition for better ads

Fir d'Utilisateuren vu Chrome muss ee just op d'Versioun 64 waarden, déi fir Enn Januar misst prett sinn. D'Funktioun, déi dëse Genre vu Reklamm blockt, ass dran installéiert a gëtt och automatesch de 15. Februar aktivéiert. D'Editeure vu Säite mussen elo hire Contenu kontrolléieren a sécher sinn, dass d'Publicitéit, déi si proposéieren, och mat dësem neie Standard compatibel ass. Google huet esouguer fir déi Firmen eng Plattform entwéckelt, déi een Check vun hire Säiten proposéiert. Den "Ad Experience Report" gëtt et gratis als Download.

Zu de Memberen, déi dës Charta ënnerschriwwen hunn, gehéieren ënner anerem och Facebook oder Microsoft. Mat der Zäit gëtt och e Register publizéiert mat de Säiten, déi dës Reegele respektéieren. De Contenu, dee fir Smartphonen geduecht ass, gëtt natierlech och kontrolléiert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.