US-Tech-Rise virApple wäertvollsten Entreprise op internationale Bourssen

D'Plaz 2 ass fir Alphabet, d'Mammegesellschaft vu Google, an d'Plaz 3 geet u Microsoft.

D’Entreprise Apple war dëst Joer déi wäertvollste Firma op den internationale Bourssen. Dat geet aus enger Etüd vun Ernst & Young ervir.

Op d'zweet Plaz kënnt Alphabet, d’Mammegesellschaft vu Google. Op der drëtter Plaz steet Microsoft.

Däitsch Entreprisë wéi SAP, Siemens, Bayer, Allianz, BASF a VW waren zesumme knapp esouvill wäert wéi Microsoft, déi 661 Milliarden Dollar "kascht".

Am Ranking kënnt déi éischt europäesch Entreprise op déi 17. Plaz, dat war déi hollännesch Firma Royal Dutch Shell.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.