87 Millioune UserDateskandal bei Facebook däitlech méi grouss wéi ugeholl

Am ganze wieren Donnéeën vu bis zu 87 Millioune Facebook-User, net autoriséiert, mat der britescher Firma Cambridge Analytica gedeelt ginn.

Dat huet den Technologiechef vu Facebook bekannt ginn. Déi meescht Leit, déi betraff sinn, liewen an den USA. Bis ewell war den Internetkonzern nach vu ronn 50 Millioune betraffene User ausgaangen.

Dateskandal bei Facebook / Reportage Frank Elsen



Facebook steet wéinst dem gigantesche Mëssbrauch vun Date massiv ënner Drock, souwuel um juristesche wéi och um politesche Plang. Cambridge Analytica hat sech mat Hëllef vun den Donnéeën, déi illegal ofgezaapt gi waren, eng grouss Datebank opgebaut, déi fir de Wahlkampf vum aktuellen US-President Donald Trump soll genotzt gi sinn.

Dobäi geet et net nëmmen ëm Donnéeën vu Participanten vun enger Ëmfro, ma och ëm Facebook-Frënn. Dat géif déi héich Zuel vu betraffenen Notzer erklären.

Facebook no wiere 65 Notzer aus Däitschland un där Ëmfro dru bedeelegt gewiescht. Wéinst der Collecte vun Informatiounen vu Frënn an duerch Verbindungen zu Notzer aus anere Länner kéinten elo bis zu 310.000 Facebook-Memberen an Däitschland concernéiert sinn. Schätzungen no wiere weltwäit bis zu 87 Milliounen Notzer betraff. Medien no, war riets vun ronn 50 Milliounen Notzer. Facebook selwer schwätzt den Ament vu Millioune Memberen. Den Date-Mëssbrauch soll virun allem Notzer an den USA concernéieren. Wéi et vu Facebook heescht, wieren hei eng 70 Millioune betraff. Alleng op de Philippinen an a Groussbritannien wieren 1 Millioun concernéiert.    

Aktuell wier et schwéier d’Kontroll iwwert seng eegen Donnéeën ze hunn, seet den IT-Expert Matthias Friese.

Cambridge Analytica huet ënnerstrach, dat déi Facebook-Donnéeën net am US-Wahlkampf benotzt goufen. D’Firma soll dem Trump jo bei der Campagne gehollef hunn andeem se ënnert anerem geziilt Publicitéit bei Facebook plazéiert huet. Dat fir d’Leit ze mobiliséieren an d’Géigekandidatin Hillary Clinton ze découragéieren.     

Et ginn dann och e puer Tuyauen wei een sech besser protegéieren kann.

Zënter 2015 wousst Facebook vum Date-Mëssbrauch. Cambridge Analytica gouf sech awer domadder zefridden, datt Donnéeë geläscht ginn. D’Notzer goufen deemools awer net informéiert. Eppes wat Facebook an tëscht als Feeler bezeechent.