ScribitDe Roboter, dee (wierklech gutt) d'Mauer bemole kann

Wie Loscht huet, seng Deko doheem ëmmer nees ze erneieren, kéint sech an dëse klengen automatesche Kënschtler verléiwen.

De Scribit gouf vun engem italieneschen Ingenieur-Architekt erfonnt a kann egal wéi e Bild zeechnen a nees auswëschen. De Carlo Ratti ass och Professer am renomméierten MIT (Massachusetts Institute of Technology).

Ob et sech ëm eng Kaart vun der Welt handelt, ëm e Portrait, e bekannte Bild, eng Skizz oder d'Wieder vum Dag... Alles wat een hei braucht, fir de Roboter schaffen ze loossen, sinn 2 Neel an eng Ficelle.

De Roboter schafft also och op vertikal Flächen, fir alles ze zeechnen, wat him eng passend App um Smartphone schéckt. Esou kann een déi kleng intelligent Maschinn ouni Opwand kontrolléieren.

Gips, Glas, Beton oder e wäisst Bild kritt de Roboter ouni Problem gemeeschtert. Et kann een selwer Biller produzéieren oder fäerdeg Designs um Internet eroflueden. Dat Ganzt gëtt mat enger Tënt gezeechent déi ganz einfach auszewëschen ass, an esou nees Plaz mécht fir nei Motiver. 

De Carlo Ratti erkläert, dass mer haut vill Informatioune brauchen, mä vill ze vill Zäit virum Bildschierm verbréngen, sief et de Smartphone, de Computer oder d'Tëlee. D'Fro bäi der Konzeptioun vum Projet war also: "wéi kann een esou Informatiounen deelen, ouni e weideren Ecran an eist Liewen anzeféieren?"




De 5. Juni gouf dës Iddi als Campagne op Kickstarter lancéiert a gouf an nëmmen 2 Stonnen finanzéiert. Et kann een nach ëmmer Suen an de Scribit investéieren, souwéi déi aner 4300 Leit, déi dat scho fir méi wéi 1.6 Millioun Euro gemaach hunn.

Bis Dezember muss een da waarden, fir de Roboter heem geliwwert ze kréien.