SamsungKeng gutt Zuele fir de Galaxy S9, an awer op der Nummer 1

De Verkaf vum leschte Smartphone huet den Ëmsaz liicht erofgezunn an awer geet de Benefice an d'Luucht, duerch aner Produiten.

© afp

Samsung Electronics huet seng finanziell Resultater fir dat 2. Trimester vun dësem Joer publizéiert. Den Ëmsaz fir dës Period stoung bäi e bësse méi wéi 44 Milliarden Euro, am Vergläich waren et der 47 Milliarden fir dat 2. Trimester 2017.

De südkoreanesche Ris verstoppt net, dass de Verkaf vum Galaxy S9 net esou verlaf ass, wéi si sech dat virgestallt hunn. D'Flagship vun der Mark huet d'Leit dobaussen net beandrockt, obwuel et technesch gesinn, ganz intressant ass. De Problem louch héchstwahrscheinlech bäi den Neiegkeeten, déi gefeelt hunn par Rapport zum S8 oder S8+.

Obwuel dës Zuelen net perfekt sinn, bleift déi südkoreanesch Firma den Nummer 1 Handyproduzent weltwäiut, mat méi wéi 71 Millioune Liwwerungen. De chinesesche Challenger Huawei klëmmt op déi 2. Positioun mat méi wéi 54 Milliounen Unitéiten déi dëst Joer scho verkaf goufen, esou IDC Worldwide Quarterly Mobile Phone Tracker.

Den anere Punkt dee fir d'Baisse vum Ëmsaz vu Samsung responsabel ass, sinn d'Oled Ecrane bei de Smartphonen. Seng flexibel Bildschiermer waren net esou beléift, wéi d'Spezialisten dat virgesinn haten. De Präis an d'Ventë vum LCD sinn och gefall.

Samsung wëll awer voller Vertrauen an d'Zukunft kucken, déi Responsabel sinn sech sécher, dass d'Liwwerunge fir dat 2. Semester vun dësem Joer nees an d'Luucht ginn. Apple misst zum Beispill, fir seng 2 nei iPhonen, Samsung ëm Hëllef, fir seng Oled-Ecrane, froen. Huawei, den 3. gréissten Handyproduzent op der Welt, misst allerdéngs a China bleiwe fir un dës Technologie ze kommen.

De Galaxy X, a säin Ecran deen een diebele kann, bleift e wichtege Schratt an der Innovatioun bäi Samsung a kompenséiert de Fait dass den S9 an den S9+ manner originell waren.

Obwuel aktuell eng Baisse vu 4% vu sengem Ëmsaz doduercher muss enregistréiert ginn, ass de Benefice ëm 5,4% geklommen. Hei waren DRAM Chips an NAND Flash Memoire Stécker, déi dacks an eisen Smartphonen erëmzefannen sinn, ganz vill befrot.

Televisiounen déi ganz uewen am Sortiment stinn, hu sech wéi waarm Mëtschen duerch d'Fussballweltmeeschterschaft verkaf. Samsung wëll an deem Beräich weider staark bleiwen, mat Hëllef vum OLED TV a vun 8K.

De Galaxy Note 9 misst e bësse méi fréi erauskommen wéi geplangt, fir dass Apple net eleng um Marché spille soll. Samsung schwätzt vun engem "faire Präis", et kéint een also hoffen dass de Präis vum Virgänger Note 8 lescht Joer vun iwwer 1000 Euro Geschicht bleift.