VIDEO-ReportageLauschtert de Mikro am Handy déi ganzen Zäiten heemlech mat?

Villäicht hutt Dir et och schonn erlieft: Mat Kollegen am Café iwwert en Thema geschwat, den Dag drop weist den Handy eng Reklamm oder e Video zum Thema.

Lauschtert de Mikro am Handy déi ganzen Zäiten heemlech mat? (07.11.2018)
Villäicht hutt Dir et och schonn erlieft: Mat Kollegen am Café iwwert en Thema geschwat,den Dag drop weist den Handy op emol Reklamm a Video zu deem Thema.

Datt de Smartphone eist Surf-Verhalen analyséiert, fir Reklammen ze weisen, ass bekannt. Mä lauschtert en och heemlech mam Mikro mat? Am Internet sammele sech jiddwerfalls ëmmer méi Berichter vu Leit, déi dovunner iwwerzeegt sinn.

Mir hu gekuckt, ob un dësem Phänomen wierklech eppes drun ass an en Experiment gewot. E konkrete Beweis ass dobäi net erauskomm. Vill grouss Internetfirme wéi Google a Facebook dementéieren, dass si heemlech opgeholl Stëmme fir cibléiert Reklamme benotzen. Wien der Saach awer net traut an net op säi Smartphone verzichte wëll, dee sollt am Beschten nëmmen autoriséiert Applikatiounen aus offizielle Storen eroflueden an den Zougrëff op de Mikro, wann net onbedéngt noutwenneg, desaktivéieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.