VIDEO-ReportageNei App vum Gesondheetsministère - "Dispodoc" sicht Patienten an Dokteren

Mat enger neier App vum Gesondheetsministère sollen d’Patienten ganz séier e Generalist fannen.

"Dispodoc": Et muss nach u ville Schrauwe gedréint ginn (06.11.2018)
Ganz séier e Generalist fannen. Mat der neier App vum Gesondheetsministère soll genee dat méiglech sinn.

De Programm fir de Smartphone war virun engem Mount grouss ugekënnegt ginn. Déi konkret Notzung bleift bescheiden.

Déi nei App "Dispodoc" vum Gesondheetsministère soll d’Aarbecht vum Generalist opwäerten. Si gëtt allerdéngs bis elo kaum genotzt. Weder vun de Patienten nach vun den Dokteren. U sech kann een direkt, en temps réel op enger Landkaart gesinn, wou nach e Rendezvous beim Dokter fräi ass.

Um Dënschdeg de Moie ware knapps eng Dose Cabineten online enregistréiert.

"D’App ass geduecht, fir Disponibilitéite vun Dokteren aus dem ganzen Land op enger zentraler Stell z’affichéieren" seet de Fränk Kirsch, President vum Cercle vun den Generalisten.

Allerdéngs: Vun de 400 Allgemengmedeziner hei am Land mécht net jidderee mat. Ënnert anerem, well et am Beruffsstand Enkpäss ginn. D’Dokterschaft bedauert: Et feelt zu Lëtzebuerg insgesamt u Medeziner. Vill Praxisse sinn zu den normale Consultatiounsstonnen extrem gefëllt.

"Mir maache bei der App mat, wa mir effektiv fräi Plazen hunn. Wa moies d’Leit schonns zu der Dier erausstinn, ass et schwiereg, fir nach Disponibilitéiten ze affichéieren. Et kuckt een, fir déi Patienten ze behandelen, déi do sinn. Da kann een net ëmmer weider Plazen online ubidden", erkläert den Dr. Kirsch.

Den Dr. Kirsch huet mat senger Gemeinschaftspraxis schonns e puer Mol zënter dem Lancement vun der App Consultatiounsméiglechkeeten ugebueden. D’Iddi dohannert ass, datt d’Leit iwwert de ganzen Dag eng Ulafstell fannen an net direkt an d’Urgencë ginn.

4.000 Downloads a feelend Zuelen
Wéi vill Dokteren elo bei Dispodoc ugemellt sinn, konnt de Gesondheetsministère op Nofro hin net soen. Déi Zuele géifen zur Zäit net virleien. Si sollen deemnächst vun der Agence E-Santé matgedeelt ginn.

Eng Zuel dann awer: Zanter dem Lancement Ufank Oktober hu 4.000 Leit d’App erofgelueden.

Mee nach mussen d’Leit dës App tatsächlech benotzen. De Marc Hamen, Generalist an der Stad, erzielt: "Ech waarden nach op den éischte Patient, dee sech iwwer Dispodoc bei mir mellt. Dat ass bis elo net geschitt”

Dispodoc ass net genuch visibel, esou e weidere Constat. "Ech hu just d’Reklammen op de Bushaisercher gesinn. Mee um Internet, an engem Moteur de Recherche, ass d’Visibilitéit null", bedauert den Dr. Hamen.

Fërderung vu Gemeinschaftspraxe léisst nach op sech waarden
Déi nei App ass u sech ee vu ville Mëttelen, fir d’Allgemengmedezin ervirzehiewen.

Eng weider Iddi ass, d’Gemeinschaftspraxen ze fërderen. Dee Volet ass awer net richteg weiderkomm. "Vun der CNS-Säit aus hu mir nach keng Propos kritt", seet de President vum Generalisten-Cercle. D’Offer, fir owes méi laang ze schaffen, géif fir den Dokter weider Organisatiounsfroen a Käschte mat sech zéien. Zum Beispill, wann d’Sekretärin owes méi laang schafft.

De Gesondheetsministère weist drop hin, datt een e Budget huet, fir d’Installatioun vu Gemeinschaftspraxissen ze ënnerstëtzen. Wat elo extra Honorairen ubelaangt, wann owes méi spéit oder samschdes geschafft gëtt, misst dat an den nächste Woche mat der CNS gekläert ginn.

Déi nei App ass deemno just en éischten Usaz. Nach bleift villes ze dinn.

LINK: Lancement vun der App

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.