Flexibele SmartphoneSamsung presentéiert och säin Ecran, deen een diebele kann

D'Annonce gouf bei der Ouverture vun der SDC2018 (Samsung Developer Conference) gemaach. No jorelaangen Ukënnegungen ass et endlech esouwäit.

© samsung
Nodeems virun e puer Deeg déi chinesesch Firma Royole annoncéiert huet, den éischte Smartphone op de Maart ze brénge mat engem Ecran, deen een diebele kann, huet Samsung een ähnleche Produit och elo wärend senger Konferenz fir Entwéckler zu San Francisco ugekënnegt.

Den Apparat wäert e Bildschierm hunn, deen esou grouss wéi een Tablett ass an deen an 2 gediebelt ka ginn, fir dee méi einfach an d'Täsch stiechen ze kënnen.

Fir den neie Smartphone gëtt et allerdéngs nach keen Numm, dofir gouf den Ecran "Infinity flex Display" gedeeft. Wärend der Presentatioun gouf den endgültegen Design net genee gewisen, wat héchstwahrscheinlech heescht, dass Samsung op deem Niveau net kopéiert wëll ginn, oder dass verschidden Detailer nach net ganz fäerdeg sinn. Den Haaptecran soll 7,3 Zoll an der Diagonal grouss sinn, ongeféier d'Format vun engem klengen Tablett, deen an der Mëtt gediebelt ka ginn.

© samsung

Am "hallwe" Modus ass den Ecran 4,58 Zoll grouss, mat enger Definitioun vun 840x1960 Pixelen. Samsung behaapt, dass, egal wéi een de Smartphone benotzt, d'Déckt vun de Pixelen net ännert. Hei ass a béide Fäll eng Opléisung vu 420dpi virgesinn, wat vu verschidde Spezialiste bis elo net bestätegt konnt ginn.

Bis elo kéint een 3 Appe gläichzäiteg benotzen, dat duerch eng "multi-aktiv Fënster", déi och vu Samsung ugekënnegt gouf. Hei ginn nach verschidde Systemer vun der südkoreanescher Firma an hire Partner entwéckelt, fir eng Léisung ze fannen, fir de Contenu am Beschten unzeweisen, deemno wéi een den Apparat grad hält. 

D'Produktioun vum "Infinity Flex Display" gëtt normalerweis an e puer Méint lancéiert, esou Samsung. Bis elo gouf awer kee genauen Datum präziséiert, weder fir d'Fabrikatioun nach fir de Verkaf.

Google huet sengersäits annoncéiert, dass Android dës nei Smartphonen offiziell wäert ënnerstëtzen, an dass si och intensiv mat Samsung schaffen fir de Produit, wa méiglech, d'nächst Joer erauszebréngen. Et gëtt op alle Fall intressant, ze gesinn, wéi d'Entwécklung vun dësem Domän weider geet, wëll jo schonn eng chinesesch Mark esou een Ecran ugekënnegt huet, awer och Huawei, Microsoft, LG, Xiaomi an Lenovo ganz aktiv um Terrain sinn.