A FrankräichGinn d'Policekontrolle geschwënn op Appen desaktivéiert?

Mat Hëllef vun Applikatioune wéi Coyote oder Waze gëtt ee gewarnt, wann ënnerwee geblëtzt gëtt. A Frankräich kéint dat deemno wéi eriwwer sinn.

© afp
Et ass een Thema, wat dacks nees gär diskutéiert gëtt: solle Policekontrollen iwwer de Smartphone oder connectéiert Servicer, zum Beispill iwwer GPS, gemellt ginn? Dës Appe warnen och de Chauffer, wann een Accident passéiert, wann eng Bunn zou oder e Schantje präsent ass. Fix Radare ginn a Frankräich net méi ugewisen, hei gëtt vun enger geféierlecher Plaz geschwat, wou meeschtens och geblëtzt gëtt.

Wat elo awer ännere kéint, sinn déi mobil Radaren, déi provisoresch vun den GPS-Servicer an Appe kéint desaktivéiert ginn. Der franséischer Zeitung Le Parisien no wier déi franséisch Regierung am Gaang e Gesetzesprojet virzebereeden, fir den Autoritéiten d'Méiglechkeet ze ginn, déi Plazen tëscht 3 a 24 Stonne verschwannen ze loossen. Gendaarmen a Poliziste wieren also déi Zäit fir d'Servicer onsiichtbar. Dës ass virun allem eng Moossnam fir Aktiounen am Kader vun enger Festnam vu Kriminellen. 

Strofe wiere scho festgeluecht ginn, bis zu 30.000 Euro an 2 Joer Prisong fir all Plattform, déi sech net un dës Reegelen hale géifen. D'Firma Coyote sot an engem Interview, se wier domadder averstanen, wann et effektiv e gudde Grond dofir gëtt. Associatioune vun Automobiliste verstinn och d'Demarche, wann et ëm Barrage géint Kriminalitéit geet. Allerdéngs missten normal Vitesskontrolle weider ugewise ginn. 

Zanter 2016 sinn dës Warnunge bei eisen Noperen op Facebook op alle Fall erlaabt, dat hat deemools een Cassatiounsgeriicht decidéiert.