An den USAKee Porno méi um Starbucks-Wifi

Et gouf scho laang driwwer diskutéiert, elo ass et offiziell, déi grouss Kaffi-Chaîne huet ugekënnegt, e Filter op säi Reseau installéieren ze wëllen.

© afp
Vun 2019 u kann een also keng Säite mat pornografeschem Contenu méi iwwer de Wifi-Reseau vu Starbucks kucken.

"Mat Hëllef vun engem Filter a vun engem spezielle System, fir Säiten ze blockéieren, déi an eisem Reglement net passen, kënne mer den Zougang zu dësen Adressen einfach verbidden", esou e Pressespriecher vum Grupp, dee betount, dass eigentlech vill Leit de gratis Wifi an hire Caféë fir ganz speziell Zwecker benotzen. 

Starbucks gouf an de leschte Jore reegelméisseg wéinst dësem Problem kritiséiert, lescht Woch goufen éischt Indizie vu Business Insider publizéiert an de Kaffi-Ris huet dës Behaaptunge virun e puer Deeg bestätegt. U sech steet am Reglement, dass et verbueden ass, Pornoen iwwer de gratis Wifi ze kucken, mä et gouf näischt Konkretes dogéint ënnerholl.

D'Caféë goufen esou gebaut, dass hei all Mënsch méi oder manner laang sëtze bleiwe kann a sech a Rou beschäftege kann, allerdéngs mat gewësse Limitten, déi verschidde Leit net respektéiert hunn. D'Associatioun "Enough is Enough", déi fir de Kannerschutz um Internet kämpft, huet sech mat enger Petitioun entsat iwwer d'Situatioun bei Starbucks gewisen. Hei krut de Kaffi-Spezialist gläichzäiteg e klenge Rappell, dass hie seng Engagementer vun 2016 iwwerhaapt net respektéiert hat.

Donna Rice Hughes, d'Presidentin vun der Struktur, ass natierlech extrem frou iwwer dës Decisioun, allerdéngs präziséiert si dass: "Starbucks eréischt gratuléiert kritt, wann hire Wifi wierklech iwwerall géint dës Säite geséchert ass."

Iwwregens huet de Kaffi-Ris och ugekënnegt, Plastik-Stréihällem bis 2020 vu sengen 28.000 Butteker op der ganzer Welt sträichen ze wëllen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.