EurogruppEU ka sech net op eng 3% Besteierung vu Gafa eenegen

Et war eng Propos vum Emmanuel Macron, fir déi grouss Internet-Nimm méi héich op europäeschem Niveau ze besteieren, verschidde Länner wëllen awer net.

© afp
Déi 4 Buschtawen G-A-F-A, déi fir déi grouss Entreprisen an der Internetwelt stinn, wéi Google, Apple, Facebook oder och nach Amazon, suergen bei Politiker fir vill Opreegung, Iwwerleeungen an Aarbecht. An Europa ass och hire Benefice grouss, allerdéngs gi se dacks net genuch oder net gerecht drop besteiert. 

Dat sollt iergendwann eriwwer sinn, esou eng Propos vum franséische President, fir all d'Firmen op 3% vun hirem Ëmsaz ze besteieren. Dofir brauch een awer europawäit een eestëmmegt Resultat an dat war beim 20. Anniversaire vum Eurogrupp net onbedéngt de Fall.

De franséische Finanzminister Bruno Le Maire huet probéiert, säi Vott duerchzezéien, dat awer ouni Succès. Irland an nordesch Länner hunn de Projet ganz einfach ofgesot. Däitschland huet héiflech refuséiert a wënscht sech e méi breeden Accord tëscht den EU-Länner. Eng international Léisung kéint spéitstens 2020 am Kader vun den OECD-Aarbechte fonnt ginn.

Fir Paräis soll déi europäesch Unioun net opginn. Bis dohinner soll d'EU de Wee weisen, esou de Bruno Le Maire zum Schluss vun der Reunioun zu Bréissel. D'Besteierung vun de Gafa ass een Deel vum europäeschen Zesummenhalen a vun der Onofhängegkeet vun der Unioun. Nëmmen zesumme kéim een op e konkret a konstruktiivt Resultat. Et gesäit awer esou aus, wéi wann de Wee nach laang net eriwwer wier.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.